Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Kloerheet am Botzsecteur

Aarbechtsrecht

Keng Kloerheet am Botzsecteur

Vu wéini un huet Botzpersonal Urecht op de qualifizéierte Mindestloun? D'Aarbechtsgeriicht suivéiert an dëser Fro net der Cours d‘Appel, kritiséiert den Affekot Guy Thomas, dee 450 Salariéen aus dem Secteur vertrëtt.

auto_stories

3 min

© Bigstock

A ronn 50 Dossiere läit een Uerteel vir. An all dëse Fäll krut d'Botzpersonal trotz enger laanger Beruffserfahrung kee Recht op de qualifizéierte Mindestloun accordéiert. Bei 28 Dossiere wären d'Leit an Appel gaangen, sou hiren Affekot Guy Thomas.

"Wéi am Schluechthaus"

2014 hat d'Cour d'Appel der heiteger OGBL-Zentralsektretärin Estelle Winter Recht op de qualifizéierte Mindestloun ginn, nodeems si zeng Joer Experienz an eng "approfondéiert Kenntnis" bewisen hat.

De Guy Thomas versteet net, firwat d'Aarbeschtsgeriicht elo op eemol esou stur wär an d'Jurisprudenz am Fall Estelle Winter net suivéiert. D'Cour d'Appel géif an der Hierarchie vun der Justiz iwwert dem Aarbechtsgeriicht stoen. Do wéilt een elo awer déi 450 Dossiere sou séier wéi méiglech evakuéieren. Et wär wéi am Schluechthaus, sou den Affekot: "Au suivant."

Automatesch Erhéijung no 10 Joer

De Guy Thomas ass der Meenung, datt ee vum Botzpersonal net kéint verlaangen, datt si hire qualifizéierte Mindestloun all eenzel missten akloen. An hir Beruffserfahrung all am Detail viru Geriicht missten noweisen.

Den Affekot, deen an dëser Affär am Optrag vum OGBL schafft, plädéiert fir en Automatismus: Wann een zéng Joer an enger Botzfirma geschafft hätt, sollt automatesch d'Majoratioun vun 20 Prozent um Mindeslount applikabel sinn.

"Accord Bipartite"

D'Patronat ass prinzipiell dogéint, datt d'Botzpersonal no zéng Joer ee qualifizéierte Mindestloun zegutt hätt. No éischten Uerteeler, déi en Faveur vun de Salariéen ausgaange waren, hat d'Regierung am Januar 2015 en Accord mam Patronat ausgeschafft. Doran heescht et, datt eng Erhéijung vum Salaire e Risk fir d'Beschäftegung vu Mannerqualifizéierte wier. Deemno misst d'Gesetz ugepasst ginn.

Am Aarbechtsministère heescht et awer, datt den Ament keng Ännerungen um Gesetz virgesi wieren. Op d'Nofro hin, ob d'Entreprisen nach ëmmer eng Gesetzännerung wéilt, wollt kee Patronatsvertrieder en Interview ginn. Et gesäit sou aus, wéi wann d'Patronat elo, wou d’Uerteeler net méi en Faveur vum Botzpersonal sinn, kee Grond méi hätt eppes ze änneren.


Audio: de Bäitrag vum 16. Juni vum Maxi Pesch