Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng pur Symbolik, mee "et geet ëm Substanz"

EU-Kommissioun

Keng pur Symbolik, mee "et geet ëm Substanz"

D'Tatsaach, datt d'Membere vun der neier EU-Kommissioun gëschter um Europäesche Geriichtshaff vereedegt goufen, wier keng Noutwendegkeet gewiescht, fir datt si kënnen ufänke mat schaffen, seet d'Yuriko Backes.

auto_stories

3 min

D'Yuriko Backes ass Cheffin vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg

Dat wier anescht wéi bei nationale Regierungen, déi net kënnen aktiv ginn, éier se den Eed ofgeluecht hunn, sou d'Yuriko Backes, Cheffin vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg. D'Zeremonie vu gëschter wär éischter e symboleschen Akt gewiescht:

"Et ass eppes Symbolesches. D'Kommissäre leeën en Eed of op de Respekt vum Droit, vun den Traitéen, och vun der Charta vun de Grondrechter. Et ass extrem wichteg, datt si och an aller Onofhängegkeet schaffe kënnen. Dozou bekenne si sech natierlech alleguerten, datt si och keng Instruktiounen acceptéiere vu Regierunge respektiv vun aneren Organer."

Am Dialog mat der Europäescher Kommissioun

All eenzel Kommissärin an all eenzele Kommissär soll am Laf vun den nächsten zwee an en halleft Joer all eenzelt Memberland vun der EU op d'mannst eemol besichen: dat ass ee vun den Opträg, deen d'Ursula von der Leyen de Membere vun hirer Ekipp fir déi éischt Hallschecht vun der Mandatsperiod ginn huet.

D'Yuriko Backes begréisst dat a gesäit an deene Visitte méi wéi just e symbolesche Geste. Et géif ëm Substanz an ëm d'Zukunft vun den Europäer goen.

"De Fait, datt d'Kommissären heihinner kommen, ass net just fir ze soen, ech hunn dat heiten an dat dote wëlles a mengem Portfolio. Et ass och fir de Bierger nozelauschteren a fir op dat anzegoen, an dat och mat zeréck op Bréissel ze huelen."

D'Representatioun vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg géif dat am Alldag och maachen: et wier net nëmme fir zu Lëtzebuerg ze informéieren, mee och fir zu Bréissel de Kommissären an hire Cabineten ze goen, wat zu Lëtzebuerg leeft a wat fir Lëtzebuerg fir d'Regierung, Parlament a fir d'Bierger wichteg wier.

Kommunikatioun als Prioritéit

D'Europäesch Kommissioun huet Vertriedungen a sämtlechen europäeschen Haaptstied. Dës Büroe gehéieren - am Verwaltungsapparat vun der Kommissioun - zu der Generaldirektioun Kommunikatioun, déi eenzeg Direction générale, déi direkt dem Kommissiounspresident ënnerstallt ass.

D'Kommunikatioun wier eng grouss Prioritéit fir d'Europäesch Kommissioun, seet d'Yuriko Backes. Et wier e grousst Uleies vun der Juncker-Kommissioun gewiescht, fir esou no wéi méiglech bei de Bierger ze sinn, mee och bei de Regierungen:

"Fir Europa ze erklären, fir och d'Propositioune vun der Kommissioun kënnen ze erklären. An do spillen d'Representatiounen natierlech eng grouss Roll, well se och an den nationale Sprooche kënne kommunizéieren, an am direkte Lien sinn net nëmmen natierlech mam President, mee och mat sämtleche Kommissären."