Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Revolutioun, mee eng staark Evolutioun"

Verfassungsrevisioun

"Keng Revolutioun, mee eng staark Evolutioun"

Et wier eng "decisiv Etapp op deem laange Marsch fir eng nei Constitutioun ze kréien". Dat sot de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo (LSAP) um Ufank vun enger Pressekonferenz, op där dee Verfassungstext virgestallt gouf, op deen d'Chamber sech no jorelaangen Diskussioune politesch gëeenegt huet. Iwwer deen awer eréischt déi nächst Chamber ofstëmme wäert, éier dann, sou gutt wéi sécher, d'Vollek dat lescht Wuert kritt, an engem Referendum.

auto_stories

3 min

Foto: Gouvernement du Luxembourg, via Wikimedia Commons

Wat ass dat iwwerhaapt, eng Verfassung? Wat soll et sinn? Den CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers huet eng kuerz awer prägnant Definitioun vum franséischen Expert Bertrand Mathieu zitéiert:

"La Constitution a pour objet de régir une société politique, d'en exprimer les valeurs et d'organiser l'exercice du pouvoir."

D'Roll vun der Monarchie

Gëtt eisen aktuelle Verfassungstext, deen op 1868 zeréckgeet, deenen dräi Critèren nach gerecht? Nee, seet de Paul Henri Meyers an nennt als Beispill d'Dispositiounen iwwer d'Monarchie, wou e Friemen, deen d'Situatioun zu Lëtzebuerg net géif kennen, menge géif, Lëtzebuerg wier bal eng Monarchie absolue.

Och wann d'Roll vum Grand-Duc an der Praxis ewell laang eng aner gewiescht wier wéi déi, déi an der Verfassung vun 1868 beschriwwen ass. Deen Decalage tëscht Theorie a Praxis, tëscht Constitutioun a Realitéit soll mam neien Text aus der Welt geschaaft ginn. An dat net just an Zesummenhang mat der Monarchie.

Vu Moderniséierung, Staatsziler, a méi

Deen neien Text wier "keng Revolutioun, mee eng staark Evolutioun", fënnt de Chamberpresident. Op der Pressekonferenz, op där déi nei Verfassung virgestallt gouf, beschreiwen déi véier Rapportere vum Projet wéi a wou d'Kompetenze vun den dräi Pouvoire Chamber, Regierung a Justiz präziséiert, zum Deel vervollstännegt ginn. Si schwätze vun Institutiounen, déi moderniséiert, vu Mënschen- a Kannerrechter, déi nach méi fest verankert ginn. Se verweisen op nei Dispositioune wéi den Déiereschutz, an op Staatsziler, déi an der neier Verfassung formuléiert ginn. "Déi sollen erreecht ginn, mee awer net direkt sanktionabel sinn", erkläert d'DP-Deputéiert Simone Beissel a gëtt e Beispill:

"Den Droit au logement zum Beispill, do sollen all Efforte gemaach ginn, fir datt ee Wunnenge fënnt. Adequat Wunnengen, mee et ass awer net esou, datt een de Staat kann usichen, wann een net direkt eng Wunneng fënnt."

Op Kompromësser opgebaut

Zanter 2005 ass intensiv un enger neier Verfassung geschafft ginn, zanter 2009 geschitt dat op der Basis vu konkreten Entwërf. Nach eemol bal zéng Joer an 150 Kommissiounssëtzunge méi spéit gëtt et also elo e breeden Accord. Et wier sécherlech en Text, deen op Kompromësser opgebaut wier, mengt den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. "Dat kann net anescht sinn. Mee et ass en Text, dee gedroe gëtt vun deene véier Fraktiounen, déi haut an der Chamber vertruede sinn."

D'CSV wëllt awer net méi virun den nächste Wahlen doriwwer ofstëmmen. Et ass also déi nächst Chamber, déi decidéiere muss, ob se den Text esou stëmme léisst, wéi en elo ass, oder ob déi eng oder aner Modifikatioun kënnt, oder, "wat eng Katastroph wier, ob erëm eng Kéier alles géif opgeschnürt ginn", esou den Alex Bodry weider.

Mee dovu wëllt elo mol keen ausgoen. Probabel ass éischter en éischte Vott am Plenum vun der Chamber relativ fréi an der Legislatur, an dann e Referendum, deen deen obligatoreschen zweete Vott am Parlament ersetzt. D'Wieler wäerten also dat lescht Wuert hunn, ob aus deem proposéierten Text déi nei Lëtzebuerger Verfassung gëtt oder net. Als realisteschen Termin fir dee Referendum gouf d'Joer 2020 genannt.