Radioen

On air

Espresso Beats  |  St. Paul & The Broken Bones - Sea Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Schei fir Neies unzepaken

Am Gespréich

Keng Schei fir Neies unzepaken

D'Elvira Mittheis ass zanter dem 1. Dezember 2020 Directrice vun der ASBL Coopérations zu Wolz. Vum Neusiedlersee iwwer Wien huet si zu Lëtzebuerg hir Walheemecht fonnt a schonn a méi wéi engem Kulturhaus matgewierkt.

auto_stories

6 min

D'Elvira Mittheis ass an enger klenger Wäinuertschaft beim Neusiedlersee, zu Podersdorf am See opgewuess. Do war am Summer vill lass, well den Neusiedlersee souzesoen d'"Mier vun de Wiener Leit" ass.

Vum Land an d'Stad

Am Wanter awer war an där deemools éischter strukturschwaacher Géigend no bei der ungarescher Grenz esou gutt wéi näischt lass.

Vun dëser ländlech gepräägter Kandheet a Jugend goung d'Elvira Mittheis op Wien. Mam Studium vun der Germanistik an der Publizistik- a Kommunikatiounswëssenschaft an der Täsch ass si Lektorin beim Verlag Deuticke ginn, an huet do éischt Impressiounen am Verlagswiese gesammelt:

"Et war wierklech intensiv no bei den Auteuren, d'Auteure waren all Dag bei eis am Haus, si waren do fir Gespréicher, fir sech ze inspiréieren, fir um Text ze schaffen, an dat war genau déi Mëschung déi fir mech esou interessant war. Wat deemools ganz ganz spannend war: d'Lilly Brett ass entdeckt ginn, eng amerikanesch Autorin, an ech sinn dunn op Liesrees mat hir duerch Éisträich gaangen."

1. Deelplay_arrow

"Wow, dat ass jo häerzlech."

Op der zweeter Etapp an hirem Beruffsliewen ass d'Elvira Mittheis vu Wien op München geplënnert, a vum Deuticke Verlag bei btb gewiesselt.

Véier Joer ass si zu Münche bliwwen, an huet bei btb, deen zur Editiounsgrupp Random House gehéiert, eng aner Welt vun engem scho vertraute Beruff entdeckt. D'Elvira Mittheis ass op d'Sich no Bicher aus virun allem Japan, Amerika an England gaangen, fir erauszefanne wéi eng dovu sech eegne fir als Täschebuch am Däitschen erausbruecht, a vläicht als Bestseller verkaaft ze ginn.

Dat war vill méi Recherche, Liesen, méi Bürosaarbecht wéi mat den Auteuren ze schaffen.

Nieft dem Beruffsalldag huet d'Elvira Mittheis och hiert onbewosst Bild vun der anerer Kultur revidéiert, an - München oblige - d'Oktoberfest hautno erliewt.

2007 dunn ass d'Elvira Mittheis aus private Grënn op Lëtzebuerg komm:

"Ech hat am Ufank guer kee Bild vu Lëtzebuerg, sinn déi éischte Kéier heihi komm a war sou därmoossen impressionéiert an iwwerrascht. Et war e Weekend, wou vill lass war, mir hunn eng kulturell Veranstaltung besicht, bei Kolleege war e klengt Treffen, an ech hu geduecht: Wow, dat ass jo immens häerzlech! München war schonn eng Groussstad, do Bekannter ze fanne war méi schwiereg, an ech hat dunn den Androck hei zu Lëtzebuerg ass et iergendwéi häerzlech. An dat huet mech am Ufank iwwerzeegt, dat war einfach eng Stëmmung fir ze denken: dat ass de richtege Schrëtt, den nächste Schrëtt am Liewen!"

2. Deelplay_arrow

Eng nei Walheemecht

Dee Moment schafft si nach als fräi Lektorin fir de btb Verlag, a léiert hir nei Walheemecht Lëtzebuerg no an no kennen. Si mierkt, datt et duerchaus Parallellen zu hirer Uersprongsheemecht, dem Burgenland, gëtt:

"Waasser ass eppes wat mir wichteg ass am Liewen. Ech brauch iergendwéi eemol am Joer Waasser, iergendwou wou ech ka schwammen. Dat ass warscheinlech well et ëmmer esou war an der Kandheet, mir waren ëmmer sou am Juli, August all Dag am Séi. A wou ech heihi komm sinn, besonnesch dann am Éislek, hunn ech geduecht: wow, dat ass iergendwéi vläicht déi zweet Heemecht, Natur, Waasser, an d'Stad hunn ech dann eben zu Lëtzebuerg."

3. Deelplay_arrow

Wat zitt de Lëtzebuerger Publik un?

Déi diskret Fra mierkt séier, datt "doheem sinn" net hir Aart ass, a fënnt en Job am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbreck, wou si bal sechs Joer an der Kommunikatioun a Presseaarbecht bleift.

D'Elvira Mittheis huet ugefaangen, d'Sprooch ze léieren, a sech an déi lokal Populatioun eranzedenken, fir ze verstoen, wat een an engem Kulturhaus wéi dem CAPE soll ubidden, fir datt d'Leit och gären dohikommen. Och hei huet si Parallellen zu hirer Heemecht, der Géigend ronderëm den Neusiedlersee gesinn.

Erstaunt war si iwwer déi direkt Réckmeldung no engem Spektakel am CAPE. Dat, sou d'Elvira Mittheis, war si vu Wien aus net gewinnt.

Änlech wéi hier Lafbunn am Verlagswiesen huet d'Elvira Mittheis hir Aarbecht zu Lëtzebuerg a méi engem klengen, regionale Kulturhaus ugefaangen, an ass ronn sechs Joer dono an d'Stad gewiesselt, fir am Gronn am Neimënster a méi engem grousse Kulturhaus ze schaffen. Do huet si nieft dem scho méi bekannten och vill Neies kennegeléiert an 2016 d'Entscheedung getraff e ganz neien Challenge unzegoen, dee sécher net zu den einfachste gehéiert huet: de Renouveau vum Festival de Wiltz.

"Den Challenge war ze kucke wat ass nach net hei, oder wat fir eng Genrë sinn nach net bedéngt, well et mécht net sou vill Sënn, datt mir e Programm maachen a vläicht déi selwecht Saache maache wéi am Cube oder am CAPE.

Fir mech war de Wee, deen ech wollt aschloen, kucke wat ass wierklech méi Outdoor, Open-Air, wat kann do funktionéieren, wat mécht Stëmmung, wat bréngt Ambiance, wat ass fir Festivalcharakter gëeegent, a muss net onbedéngt e Sall hunn, well dat hunn ebe scho vill aner Kolleegen.

Wat nei war ass eng Zesummenaarbecht mam Theater Trier déi immens flott Produktiounen hunn; ech hat en Danzstéck ausprobéiert, Zorbas, dat war megaflott, mir hunn dofir déi éischte Kéier an der Coopératiouns-Ära den Orchestergraben opgemaach, an dat ganzt Bünebild genotzt. Dat war impressionant, ebe mat Orchester am Orchestergraben, Dänzer op der Bün, Sonnenënnergang am Hannergrond. En immenst Erliefnis, wou all Leit mengen ech ganz emotional erfëllt dono heemgaange sinn."

4. Deelplay_arrow

Changementer an der Pandemie

Nodeems d'Elvira Mittheis also vun 2016 un fir d'ASBL Coopérations zu Wolz d'Leedung vum Festival iwwerholl huet, konnt si sech och mat den Aktivitéite vun allen aneren Deeler vun den entreprises socioculturelles vertraut maachen, wéi dem Prabbeli, oder dem inklusive Programm, respektiv dem Jugendbureau Eislek.

Matzen am Joer 2020, wou all Kulturinstitutioune wéinst der Corona-Pandemie hu missen zoumaachen a Villes verluecht gouf, koum fir d'Elvira Mittheis e weidere ganz neie Moment.

Net nëmmen huet si als artistesch Direktesch vum Weltzer Festival dëse missten op viraussiichtlech 2021 verleeën, si huet och eng nei Etapp an hirem beruffleche Liewen ugeholl: dee vun der Directrice vun der ASBL Coopérations.

Am Laf vum Gespréich mat dëser diskreter awer energiegeluedener Fra ass opgefall, datt si keng Schei huet Neies unzepaken. Si huet awer och gesot, datt si ufanks, wéi si eng Hallefdaagsplaz am CAPE zu Ettelbréck hat, parallel den Danzfestival vum 3CL geleet huet, domat dunn awer opgehale well et zäitlech net méi machbar war.

Op d'Fro wéi déi frësch ernannten Directrice sech an Zukunft well schütze fir net ze vill an der Aarbecht ënnerzegoe war et dës Ausso:

"Also fir mech ass Aarbecht och Liewen, bei mir fléisst dat esou aneneen. Fir mech ass Kultur wat ech an der Fräizäit maachen, do verfléissen d'Grenzen. Ech hat vläicht esou virun zéng Joer nach aner Prioritéiten am Liewen, wou ech ëmmer geduecht hunn: wou ass d'Grenz, schaffen ech ze vill - well dat ass meng Tendenz - mee ech sinn elo fir mech genau zu dem Punkt komm: Dat ass et. Genau esou soll et sinn. Fir mech ass Kultur an der Fräizäit wéi am Beruff, fir mech vermëscht sech dat, an ass eng wonnerbar Aart mäin Dag ze verbréngen."

5. Deelplay_arrow

D'Elvira Mittheis bleift awer an der Corona-Kris zouversiichtlech an deklaréiert "ech sinn hoffnungsfrou, datt mir am Summer 2021 de Festival zu Wolz kënne stattfanne loossen".