Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Three Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng schwaarz Keesen"

Syfel vs Bistum

"Keng schwaarz Keesen"

D'kathoulesch Kierch huet Kierchefabricken am Verdacht, Zommen an Héicht vun e puer Honnertdausend Euro un Drëttkonten iwwerwisen ze hunn, ouni déi néideg Regelen applizéiert ze hunn. Dowéinst hätt de Bistum Kontakt mat de Banken opgeholl, seet de Generalvikar op Nofro hin. De Leo Wagener confirméiert domat zum Deel rezent Virwërf vum Syndikat vun de Kierchefabricken.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock

De Syfel selwer wëllt vun de Virwërf vum Bistum näischt wëssen a seet, d'kathoulesch Kierch hätt just Angscht, datt virum Akraafttriede vum Gesetz iwwer d'Ofschafe vun de Kierchefabricke Gelder géife verschwannen - eng Angscht, déi awer onbegrënnt wier. De Syfel gesäit dofir awer eng méiglech Verletzung vum Bankgeheimnis.

Verschidde Kierchefabricke si rezent duerch Post vun der Spuerkeess gewuer ginn, datt de Bistum bei der Bank eng Ufro op Kontenasiicht gemaach huet. "D'Banken hu gefrot, fir Donnéeë virunzeginn un de Bistum. A wann een net domat d'Accord wier, soll ee bannent 14 Deeg e Coupon-Réponse zréckschécke mat der Oppositioun. Soss géife si dat maachen", sot de Vize-President vum Syfel Marc Linden op der Generalversammlung vum Syndikat.

"Eng gewoten Interpretatioun"

Dora gesäit de Syfel eng méiglech Verletzung vum Bankgeheimnis.

Am Zentrum vun der Diskussioun steet d'Dekret vun 1809, deen aktuell nach en Vigueur ass, an deem no de Bistum een Droit de regard op d'Bilane vun de Kierchefabricken huet. Wéi deen ausgesäit, doriwwer wiere Spuerkeess a Syfel net därselwechter Meenung, seet de Sekretär vum Syfel Patrick Ries.

"Am Dekret steet, de Bëschof däerf sech d'Konte vun der Kierchefabrick weise loossen. D'Spuerkeess sot eis, dat wier eng Exceptioun vum Bankgeheimnis. Dat schéngt mir e bëssen eng gewoten Interpretatioun ze sinn. Wat am Artikel drasteet ass: de Bëschof däerf sech d'Konte vun der Kierchefabrick weise loossen. Wiem? Dat schéngt mir ganz kloer d'Kierchefabrick ze sinn, net d'Bank!"

De Bistum gëtt iwwerdeems zou, eng Rei Banke kontaktéiert ze hunn. De Generalvikar Leo Wagener seet, et hätt een d'Geldinstituter just wëllen drop hiweisen, datt d'Kierchefabricken dem Dekret vun 1809 ënnerstinn, näischt weider.

Et kéint een net dovun ausgoen, datt all Bank wéisst, wéi Kierchefabricke géife fonctionnéieren. Et géif verschidden Artikelen am Dekret ginn, op déi een hätt wëllen opmierksam maachen. Et hätt een déi verschidde Banke wéilten drop hiweisen, datt verschidde Prozedure missten agehale ginn, seet de Leo Wagener.

"Huet de Bistum bis elo net gestéiert"

An der Lescht wier de Bistum drop higewise ginn, datt déi eng oder aner Kierchefabricke gréisser Iwwerweisungen un Drëtter gemaach hätt, ouni déi wéi virgesinn ze budgetiséieren, sou de Leo Wagener. "Mir schwätzen do an der Héicht vun e puer Honnertdausend Euro"

De Patrick Ries vum Syfel seet, him wiere keng sou Fäll bekannt, hie gëtt awer zou, datt net all d'Kierchefabricken hir Bilanen ëmmer mat därselwechter Seriositéit gemaacht hätten, a rare Fäll wiere souguer guer keng Bilanen un de Bistum ofgeliwwert ginn, wat de Bistum bis elo awer net gestéiert hätt. De Patrick Ries seet och, datt verschidde Kierchefabricken ASBLe gegrënnt hätten, allerdéngs net fir doraus "schwaarz Keesen ze maachen".

D'ASBLen hätten als Zil, fir um lokalen Niveau eng Struktur ze halen, déi eng Personalité juridique hätt, déi autonon kéint schaffen, fir d'Kierch z'ënnerstëtzen.

Lauschterenplay_arrow