Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Spekulatiounstax mee Hausse vun der Grondsteier

Riicht Eraus iwwert Wunnengsmaart

Keng Spekulatiounstax mee Hausse vun der Grondsteier

De Pakt Logement 2.0 soll d'Gemengen dozou ureege fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen. D'Positiounen an der Chamber gi wäit auserneen an dat gëllt och bannent der Koalitioun. D'DP ass awer a Saachen Hausse vun der Grondsteier elo domat averstanen, sou wéi dat am Koalitiounsaccord dra steet. Eng Spekulatiounssteier wier awer net virgesinn.

auto_stories

3 min

Fir um Immobiliëmaart géint Spekulatioun ze kämpfen a Proprietären, déi Terrainen am Bauperimeter zréckhalen, ze incitéieren drop ze bauen, muss eng Tax agefouert ginn, déi héich genuch ass, seet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Um Immobiliëmaart géif et eng Rei auslännesch Investisseure ginn, déi vun de gënschtege Steiermoossnamen zu Lëtzebuerg géife profitéieren a mat Immobilië géife spekuléieren. Déi Investisseure kéinten ee groussen Deel vun hirem Invest a vun der Zënslaascht ofsetzen. Wa se d'Immobilie verkafen, da realiséieren se eng Plus-Value, déi manner héich besteiert gëtt wéi d'Léin, sou d'Kritik vum LSAP-Deputéierten. Dat géif d'Immobiliëpräisser zu Lëtzebuerg an d'Luucht dreiwen. Dogéint misst iwwer eng Taxe gekämpft ginn, sou de Franz Fayot.

DP ass oppe fir Hausse vun der Grondsteier

Bei der DP géif et haut an deem Sënn eng Ouverture gi fir d'Grondsteier ze erhéijen, sou de Max Hahn vun der DP. Et kéint een iwwer ee Steier-Abattement fueren a just Zweet-Besëtzer taxéieren. De Max Hahn huet sech awer géint eng Spekulatiounstax ausgeschwat, déi wier net am Koalitiounsaccord virgesinn. Den CSV-Deputéierte Marc Lies plädéiert fir d'Aféiere vun enger Spekulatiounstax fir Terrainen ze mobiliséieren déi am Bauperimeter leien. Esou eng Tax misst awer garantéieren datt Stéit déi zum Beispill Terraine fir hir Kanner halen, geschützt bleiwen.

Déi Gréng Deputéiert Semiray Ahmedova betount datt d'Gemenge fir Infrastrukturen opkommen, déi bei de Baulücke leien. Da wier et normal datt d'Proprietären déi Käschte misste matdroen. Déi Gréng géife sech och eng Ofännerung vun der Verfassung wënsche fir d'Recht op eng Wunneng dran ze verankeren.

Weider misst awer och um Niveau vun de spezialiséierten Investitiounsfonge gehandelt ginn. Dat si Fongen déi sech ënner anerem op den Immobiliëmaart spezialiséiert hunn, esou déi gréng Deputéiert Semiray Ahmedova.

Pakt Logement 2.0

Deen zukünftege Pakt Logement soll d'Gemengen ureege fir méi Wunnraum ze schafen. D'Gemengen, déi eng Konventioun mam Staat ënnerschreiwen, kréien ee Beroder zur Verfügung gestallt, deen dobäi kann hëllefen ee lokalen Aktiounsplang aus ze schaffen.

D'Subventioune vum Staat wieren net ewéi bis elo fir Infrastrukture geduecht, mee géife bei konkrete Projete bezuelt ginn.

PAP: Ëffentlech Hand iwwerhëlt 10 Prozent vun de Wunnengen

Bei gréissere Bauprojeten, PAPen (Plan d'aménagement particulier), kënnen an Zukunft Gemengen oder de Staat zéng Prozent vun de Wunnengen zu engem méi gënschtege Präis kafen. Wéi dat kéint konkret ausgesinn, doriwwer misst nach diskutéiert ginn. Déi aktuell Reegelung gesäit nämlech fir datt ee Promoteur zéng Prozent vum Wunnraum u Primmenempfänger verkeeft an dat zu engem Präis deen 20 Prozent ënner dem Marchéspräis leit. An der Stad Lëtzebuerg wieren dat 8.000 Euro de Quadratmeter, wat fir ee Primmenempfänger vill ze deier ass. Dowéinst misst een, esou déi véier Invitéeën, déi Reegelen op de Leescht huelen.

An den Ae vum DP-Deputéierte Max Hahn ass d'Moossnam vun de Baulandverträg eng vun den effikasste Moossnamen, wann de Bauperimeter erweidert gëtt. Do kéint d'Gemeng zesumme mam Proprietär Bauprojete mat plangen.

D'Proprietäre vu Baulücke kéinten och an Zukunft hir Terraine verpachte fir provisoresch Wunnstrukturen drop ze setzen. Mietwunnengen an Terraine kéinten iwwer dee Wee vun der Agence immobilière sociale weider vermëttelt ginn, betount de Max Hahn.