Radioen

On air

Notturno  |  Henry Mancini - Mr. Lucky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSSF: Keng Toleranz bei Finanzkriminalitéit a Geldwäsch

Finanzsecteur

CSSF: Keng Toleranz bei Finanzkriminalitéit a Geldwäsch

Strofe fir am ganze ronn 5,6 Milliounen Euro fir Acteure vun der Finanzplaz Lëtzebuerg huet d'CSSF 2018 decidéiert. Déi lescht dräi Joer wieren et Strofe vun am Ganze 25 Milliounen Euro gewiescht, sou de Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur. D'CSSF hätt awer net d'Zil fir Suen ze sammelen, sou de Claude Marx.

auto_stories

3 min

A Fäll vu Finanzkriminalitéit a Geldwäsch hätt d'CSSF absolutt keng Toleranz a géif och Strofen ausschwätzen, déi bis zu zéng Prozent vum Chiffre d'affaires vun der Entreprise kënnen erreechen. D'CSSF hätt awer elo och ugefaangen Nimm ze nenne "well oft ass dat déi méi grouss Sanktioun", sou de Claude Marx.

Wéi d'CSSF den 21. Dezember d'lescht Joer matgedeelt hat, war no enger Kontroll op der Plaz, eng Strof an Héicht vu véier Milliounen Euro géint d'Bank Havilland S.A. decidéiert ginn. D'Iwwerwaachungskommissioun hat festgestallt, datt d'Bank mat Sëtz um Kierchbierg ënner anerem Dispositiounen am Kampf géint d'Geldwäsch net respektéiert hat.

Situatioun um Lëtzebuerger Immobiliemarché gëtt am A gehalen

D'CSSF warnt viru Risike wéinst dem méi staarke Klamme vun de Präisser um Immobiliemarché. Dat kéint mat sech bréngen, datt eng Rei Leit net méi wäerten d'Méiglechkeet hu fir an Zukunft Immobilien ze kafen, sou de Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur. En Deel vun de Leit, déi sech elo verschëllt hunn, fir eng Immobilie ze kafen, hätten dat an enger extrem favorabeler Zëns-Situatioun gemaach. Et wier just eng Fro vun der Zäit, bis d'Zënsen nees wäerte klammen an dee Moment misst ee sécher sinn, datt d'Leit hire Prêt nach kéinte rembourséieren, "soss kann dat e systemesche Risiko fir déi Banke sinn, déi vill an der Kreditvergab aktiv sinn."

D'Situatioun wier net alarmant, et misst ee se awer am A behalen, sou de Claude Marx.

Wann d'Banken Immobilieprête fir 40 Joer verginn, respektiv fir 100 Prozent oder méi vum Immobiliewäert, misste se virsiichteg si fir keng onnéideg Risiken ze schafen, sou nach de Generaldirekter vun der CSSF.

"Absolut keen Imageschued fir d'CSSF"

"Wa mir wëllen eng impeccabel Finanzplaz sinn, da muss d'Iwwerwaachung vu gudder Qualitéit sinn", sou den CSSF-Generaldirekter Claude Marx. D'Aarbecht vun der Iwwerwaachungskommissioun wier also e wichtegen Deel vum Ruff vun der Finanzplaz.

D'Artikelen aus de leschte Joren an der auslännescher Press iwwer de Claude Marx a säin Numm an de "Panama Papers" hätten absolut keen Imageschued fir d'CSSF provozéiert, esou eng weider Ausso vum CSSF-Generaldirekter am 100,7-Interview. Hien huet vun enger falscher Duerstellung an der Press geschwat, déi an der Tëschenzäit kloer gestallt gi wier, an der Press an an der Chamber. Eng Rei Leit hätte sech entschëllegt, fir eng "séier Duerstellung".

"Facebook ass am gaangen eng Zort Staat ze ginn"

Bei der Aféierung vun der Digital-Wärung Libra duerch Facebook wier eng gewësse staatlech Reglementatioun néideg. Där Meenung ass de Generaldirekter vun der CSSF. Eng Wärung misst ëmmer mat gewësse Garantië verbonne sinn, sou de Claude Marx.

Virun der geplangter digitaler Wärung Libra haten dës Woch och d'G7-Staate gewarnt.

Facebook wier domat am gaange selwer eng Zort Staat ze ginn, esou den CSSF-Generaldirekter Claude Marx.

"Mee et ass nach besser wéi de Staat, well wa Facebook eng Wärung géif eraus ginn, dann hätt Facebook net nëmmen d'Wärung, mee och d'Donnéeën iwwer d'Privatliewe vun de Leit, wat de Staat net huet. An d'Kombinatioun vun deenen zwou Saachen ass potentiell geféierlech."

Dowéinst misst e gewësse Kader geschafe ginn. En Acteur wéi Facebook, deen an der Vergaangenheet net onbedéngt fir Transparenz an Éierlechkeet opgefall wier, wier vläicht kee gudde Sponsor fir eng Wärung, mengt de Claude Marx.