Radioen

On air

De Moien  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kenne mir eis national Geschicht?

Fuerschung

Kenne mir eis national Geschicht?

De Proffeposte fir transnational Lëtzebuerger Geschicht soll ofgeschaaft ginn. D'Regierung wëll d'Fuerschung op e puer prioritär Achse reduzéieren. Kënne mir op d'Erfuerschung vun der Lëtzebuerger Geschicht verzichten?

auto_stories

4 min

Michel Pauly

Muer feiere mir Nationalfeierdag. Wéi ech Kand war, hu mir Groussherzoginsgebuertsdag gefeiert. D'Rita Watgen huet 1989 an engem Artikel an der Zäitschrëft forum nogewisen, datt schonn zur Zäit vum hollännesche Regime d'Lëtzebuerger dem Kinnek-Groussherzog säi Gebuertsdag gefeiert hunn. Et ass eréischt 1890, wou mir mam Groussherzog Adolf eng eegen Dynastie kritt hunn, wou deen Dag méi e patrioteschen, nationale Charakter kritt huet, an eréischt 1947 huet d'Regierung de Groussherzoginsgebuertsdag zu engem offizielle Feierdag erkläert. Awer ëmmer nach ouni vun engem Nationalfeierdag ze schwätzen.

D'Lëtzebuerger Geschicht

D'Fro bleift am Raum, zënter wéini d'Lëtzebuerger eng Natioun sinn. Ech wëll haut net op déi agoen, mä d'Fro stellen, ob mir eis Geschicht iwwerhaapt kennen. Eng vun de populäerste Perséinlechkeeten an der Lëtzebuerger Geschicht ass de Jang de Blannen, deen d'Schueberfouer gegrënnt huet. Firwat ass hien net sengem Papp Hari VII. säin Nofolger um däitsche Kinnekstroun ginn? A wéi hu seng Nofolger, déi am Däitsche Räich, a Béimen an duerno an Ungarn Carrière gemaach hunn, hir Heemechtsgrofschaft verwalt? Alles ass an där Geschicht nach net opgeschafft.

Dëst Joer ass besonnesch vill vum Péiter-Ernest vu Mansfeld Rieds, well hie viru 500 Joer gebuer gouf a während bal 60 Joer fir de spuenesche Kinnek Gouverneur zu Lëtzebuerg war. D'Post huet net nëmmen e schéinen Timber mat sengem Portrait erausginn. Am neisten Heft vun der Zäitschrëft Hémecht, dat an de nächsten Deeg erauskënnt, bréngen direkt zwee Artikelen Neits zu sengem Schlass an zu senger Famill. Och hei ass d'Fuerschung net ofgeschloss.

2018 ginn et 400 Joer, dastt den 30-jährege Krich ausgebrach ass. Déi traditionell Geschichtsschreiwung betount, datt mam Pyrenäefridde Lëtzebuerg de Süddeel u Frankräich verluer huet. (Méi korrekt misst ee soen: D'Habsburger hunn dat Gebitt verluer, well e Vollek, dat sech Lëtzebuerger genannt hätt, gouf et nach net.) Mä bis elo hu sech ganz wéineg Historiker wéi de Pol Schiltz domat beschäftegt, datt dee Krich am deemolegen Herzogtum 49 Prozent vun den Awunner d'Liewe kascht huet. Et war dee mäerdereschste Krich, deen et jee hei gouf. Zum Verglach: am Zweete Weltkrich hunn zwee Prozent vun den Awunner hiert Liewe verluer, a mir denke grad op Nationalfeierdag vill un hiert Affer zugonschte vun eiser Fräiheet an Onofhängegkeet. Misst een also net emol de Verlaf vun deem Krich am 17. Joerhonnert méi genee ënnert d'Lupp huelen, bei deem ganz Dierfer ausgestuerwe sinn?

A wéi huet sech d'Handwierk no der Opléisung vun de Corporatiounen am spéiden 18. Joerhonnert entwéckelt, a wéi koum et vun do aus zur Fréiindustrialiséierung?

Uni am Déngscht vun der Gesellschaft?

Leider weess ech net, wien déi Froen, an ech kann der nach eng sëllechen opzielen, kéint beäntwerten. De Conseil de Gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg huet nämlech decidéiert, de Proffeposte fir transnational Lëtzebuerger Geschicht ofzeschafen. Dat geschitt net nëmmen aus finanzielle Grënn, mä well d'Regierung drop drängt, d'Fuerschung op e puer prioritär Achsen ze reduzéieren. An dozou soll déi national Geschicht héchstens zënter dem 20. Joerhonnert gehéieren. Alles wat virdru geschitt ass, an ouni dat mir d'Existenz vun deem Staat Lëtzebuerg a vun enger Natioun Lëtzebuerg guer net erkläre kënnen, ass anscheinend keng wëssenschaftlech Erfuerschung wäert.

Ech hat déi grouss Éier - an de Pleséier - zënter 2003 dee Proff fir Lëtzebuerger Geschicht däerfen ze sinn. An den nächste Méint ginn ech a Pensioun a kréie keen Nofolger. Dat heescht, datt kee kann an der Lëtzebuerger Geschicht Doktorande betreien a Fuerschungsprojeten ufroen. An dat blitt och deenen anere Geeschteswëssenschaften: Fir si ass keng Fuerschungsprioritéit méi virgesinn, also ginn och keng Proffeposte méi besat.

Et sief dann, genuch Bierger üben Drock op Regierung, Rektorat a Conseil de Gouvernance aus, fir datt Lëtzebuerg am nächste Véierjoresplang nees eng Fuerschungsprioritéit gëtt, déi Posten zur Verfügung gestallt kritt a fir déi, wéi bis elo, Geschicht, Geographie, Sprooch- a Literaturwëssenschaften enk zesummeschaffen. Well eng Uni huet net nëmmen e wirtschaftlechen Zweck, mä och eng sozial a kulturell Missioun am Déngscht vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.