Industriezon Friedhaff Kënnt de Projet Nordstad elo un d'Rullen?

Déi sougenannt Nordstad soll nieft der Stad Lëtzebuerg an Esch ee vun den Haaptwuesstemspoler zu Lëtzebuerg ginn. D'Nordstad besteet momentan awer nach aus eenzele Gemengen, déi nëmme begrenzt zesummeschaffen. Am Kader vum interkommunale Nordstad-Syndikat entsteet mat der Industriezon um Fridhaff en éischte konkrete Projet, bei deem déi interkommunal Zesummenaarbecht wierklech gelieft gëtt.

Chris Zeien / ys / cwi

ZANO-Fridhaff
ZANO-Fridhaff

Zone d'activité économique Nordstad (ZANO) heescht den éischten interkommunale Projet, un deem d'Nordstadgemengen Kolmer-Bierg, Dikrech, Ierpeldeng, Ettelbréck, Schieren a Bettenduerf matwierken. Een éischt Zil vun deem Syndikat wier d'Vermaartung an d'Stäerkung vun Ekonomie a Commerce an den Nordstadgemengen. An enger zweeter Phas solle Projeten aus dem Beräich Marketing oder Tourismus gefërdert ginn, seet de Pierre Grisius, den zoustännege Sekretär vum ZANO.

"U sech ass den ZANO dat éischt Kand vun der Nordstad."

D'Iddi vun der Nordstad géif scho laang zréckleien, betount de Pierre Grisius. D'Entwécklung vun der Industriezon um Fridhaff, op Ierpeldenger an op Dikrecher Terrain, wier deen éischte konkrete Projet, deen ëmgesat géif ginn.

Vun Angelduerf op de Fridhaff

Déi aktuell Industriezon zu Angelduerf soll dem ZANO-Sekretär no opgeléist ginn. Déi Betriber sollen um Fridhaff ugesidelt ginn, fir Plaz fir Wunnraum ze schafen. Dat wier an engem 'Plan d'occupation du sol' virgesinn, deen den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister festgehalen huet, erkläert den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis. D'Industriezon um Fridhaff soll deemno méi grouss a performant ginn.

De Käschtepunkt vum Projet läit bei wäit iwwer 30 Milliounen Euro. De Wirtschaftsministère iwwerhëlt 85 Prozent. Déi Responsabel rechne mat 1.000 bis 1.200 Aarbechtsplazen um Fridhaff.

De kompletten Areal vun der Industriezon ass 45 Hektar grouss. Um Dikrecher Deel si momentan nach Terassementer am Gaang. Op Ierpeldenger Säit wieren déi néideg Infrastrukture prett, esou de Claude Gleis. Heintz van Landewyck hätten hiren neie Site schonn annoncéiert. Dat géif elo ganz konkret ginn.

Am Ganze sollen an enger éischter Phas 29 Entreprisen op de Site kommen, preziséiert de Pierre Grisius. Hie mengt, op den Ierpeldenger Deel vum Terrain wäerte sech haaptsächlech Entreprisen aus dem Constructiouns- an Industriesecteur néierloossen. Op déi Dikrecher Säit sollen haaptsächlech Betriber aus dem Automobilsecteur, a Kleng- a Mëttelbetriber kommen.

Nordstrooss agëengt?

D'Nordstrooss deelt den Ierpeldenger an den Dikrecher Deel vun der neier Industriezon. Duerch dës Industriezon wier en Ausbau vun der N7 op véier Spuren net méi méiglech, kritiséiert de José Lopes Gonçalves, DP-Spëtzebkandidat fir d'Gemengewahlen zu Dikrech. Momentan wier de politesche Wëllen net do, fir d'Strooss auszebauen. "Mir wëssen awer net, wat an zéng oder 15 Joer ass."

Wéinst der Sécherheet misst ee gewëssen Ofstand vun enger Industriezon zu enger Schnellstrooss gehale sinn, äntwert dorop de Pierre Grisius. D'Industriezon géif mat neie Buslinnen un den ëffentlechen Transport ugebonne ginn, esou nach déi Responsabel.

Déi nei Industriezon géif déi schlecht Parkplazsituatioun an a ronderëm Dikrech awer nach weider verschlechteren. Dofir fuerdert de José Lopes Gonçalves zousätzlech Parkhaiser oder Park and Riden.

E Contournement fir Dikrech

Och e Contournement Fridhaff-Bleesbréck wier net an absehbarer Zäit ze realiséieren, kritiséiert den DP-Spëtzekanidat vun Dikrech. Den aktuellen Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen sot rezent um radio 100,7, datt een Deel vun dësem Contournement an noer Zukunft kéint Realitéit ginn. D'Dikrecher Gemeng kéint dat net eleng realiséieren, seet de José Lopes Gonçalves.

"Ech denken, datt den Dikrecher Buergermeeschter seng Kompetenzen iwwerschreit, fir iwwer Terrainen ze jugéieren, déi net um Terrain vun der Dikrecher Gemeng leien."

De Projet ZANO an d'Industriezon um Fridhaff weisen, datt eng Zesummenaarbecht tëscht den Nordstadgemenge prinzipiell ka fonctionnéieren. Datt éischt Gespréicher iwwer eng Fusioun vun de Gemengen Dikrech a Bettenduerf dëst Joer net zu stane koumen, weist awer wéi wäit ewech d'Realitéit vun enger Nordstad, déi op allen Niveauen zesummeschafft, aktuell nach ass.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Chris Zeien
Lauschteren

Méi zum Thema

Thull-Schaaf
Gemengewahlen 2017

Déi Ettelbrécker CSV fuerdert vun der Regierung séier Pläng fir eng Umgehungsstrooss a Richtung Feelen. Déi Ettelbrécker Gréng wëllen op aner Mesurë setzen, dorënner déi douce Mobilitéit.

Paul Bonert a Claude Haagen
GEMENGEWAHLEN

Zu Dikrech soll ee Contournement ëm d'Stad entstoen, mengt den LSAP-Buergermeeschter Claude Haagen. Den CSV-Gemengeconseiller Paul Bonert wëll sengersäits d'Zuchstreck duerch ee moderne Busservice ersetzen.

Frank Thillen
Gemengepolitik

Wat sinn déi urbanistesch an ekonomesch Erausfuerderunge vum Groussraum Ettelbréck-Dikrech? De President vun der Denkfabrik "Nordstad" Fränk Thillen seet, datt d'Nordstad nach ëmmer keng Realitéit ass.

Programm

  • Groove Club

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen