Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kënschtlech Intelligenz a Blockchain op der Lëtzebuerger Bourse

Finanzwelt

Kënschtlech Intelligenz a Blockchain op der Lëtzebuerger Bourse

D'Digitaliséierung vun der Wirtschaft geet a ganz ënnerschiddleche Beräicher virun. Op der Lëtzebuerger Bourse ass een am Gaangen iwwer d'Blockchain-Technologie d'Sécherheet vun den Daten ze verbesseren, mee och d'Prozeduren ze vereinfachen an ze acceleréieren.

auto_stories

3 min

D'Blockchain-Technologie ass bekannt ginn duerch déi digital Wärung Bitcoin. Et ass de Prinzip, datt all Transaktioune fest enregistréiert ginn, an datt se nodréiglech net méi réckwierkend ofgeännert kënne ginn. Fir ze verhënneren, datt een esou Fichiere kann hacken oder illegal ofänneren, ginn déi Daten e puermol kopéiert an op e puer Plazen ofgespäichert, esou datt et nach méi schwiereg gëtt, dee Regëster ze manipuléieren.

Bei der Blockchain-Technologie ginn och all Transaktiounen op fréier Transaktiounen opgebaut an iwwer dee Wee entsteet eng Ketten, déi garantéiere kann, datt d'Dokumenter authentesch sinn. D'Lëtzebuerger Bourse brauch esou eng Sécherheet, well et bei der Emissioun an dem Handel vun Titre financiere wichteg ass, d'Authentizitéit ze garantéieren. Am Ablack dauert et fir ee Client op der Bank e puer Deeg, éier een Titre effektiv ka kaf ginn.

D'Blockchain erlaabt et, een dezentrale Comptabilitéitssystem ze schafen, dee vun e puer Acteure benotzt gëtt. Iwwerdeems kann een Ofwéckelungs-Déngschtleeschtungen ofbauen. Wann ee Client bei enger Bank zum Beispill een Titre keeft, géif dat "am schlëmmste Fall", iwwer e puer Banke lafen, iwwer sougenannt Depositairë wéi Clearstream, seet de Christian Dohmen. Dëse System wier iwwer d'Jore gewuess, an et wieren ëmmer nees nei Reglementatiouns-Couchen dobäi komm. No der Banken- a Finanzkris vun 2008 wiere vill nei Sécherheetsmoossnamen dobäi komm.

Méi Effizienz duerch d'Blockchain

D'Blockchaintechnologie kann de System méi effizient gestalten, esou de Christian Dohmen. Well een duerch den Asaz vun der Blockchain net méi sou vill Intermediairë brauch, kéint den Echange méi séier ofgewéckelt ginn. Am Kär géif et dorëm goe fir e System opzebauen, deen déi Sécherheete garantéiert, déi och haut schonn existéieren, net un Effikassitéit ze verléieren an de System gläichzäiteg transparent ze gestalten.

D'Lëtzebuerger Bourse schafft iwwerdeems zesumme mat der UNI Lëtzebuerg un engem Projet iwwer Kënschtlech Intelligenz am Beräich vun der Erkennung vun den Dokumenter. D'Automatiséierung vum System besteet schonn, mee geet net wäit genuch. Et géif ee scho gesinn, datt de Roboter ufänkt, selwer ze léieren.

"Dat sinn déi verschidden Elementer vun der intelligence artificielle. Engersäits dat ze verstoen, wat de Robotter virgeluecht kritt, op där anerer Säit awer och dat ze verschaffen an aus sengen eegene Feeler ze léieren. An et ass do, wou am Fong eng Interaktioun tëschent deem haitegen Utilisateur entsteet a muer dem Roboter."

D'Digitaliséierung géif Aarbechtsplazen transforméieren

D'Iddi hannendrun ass de System méi effizient ze gestalten. De Roboter huet Qualitéiten, déi de Mënsch net huet, mee et besteet awer eng manuell Kontroll. De Christian Dohmen ënnersträicht och, datt een duerch d'Digitaliséierung net manner Leit wäert brauchen.

Et kéint een duerch den Asaz vu Roboter vill méi Date generéieren, déi vu Mënsche missten iwwerpréift ginn. "Et ass am Fong déi eng oder aner Jobdescription déi verschwënnt, mee et sinn anerer, déi dobäikommen. "Et ginn Etüden doriwwer, datt wahrscheinlech an Zukunft méi nei Jobs bäikommen, wéi am Fong verschwanne wäerten", sou de Christian Dohmen.

Eng vun den Erausfuerderunge vun der Lëtzebuerger Bourse ass d'Digitaliséierung vun de Prozesser, wéi bei der Emissioun vun neien Titre financieren. Et wéilt een e System schafen, dee séier an einfach ass. Hautdesdag verbanne sech d'Cliente mat enger Plattform fir den E-Listing-Prozess, an Zukunft soll de Client sech awer kënnen iwwer eng Schnëttstell direkt un de System vun der Bourse connectéieren, iwwer deen hien d'Dokumenter dann an de System eraluede kann. D'Operateure vun der Bourse kéinten dann direkt op den Dokumenter schaffen.

D'Bourse de Luxembourg huet schonn ,iwwer déi ee Client zu all Ament ka seng Dokumentatioun a Rapporten eraschécken, déi fir d'Keefer a fir d'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur geduecht sinn. Aner Prozesser sinn an der Planung.