Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kichegespréicher iwwer Ëmweltschutz

Europawahlen 2019

Kichegespréicher iwwer Ëmweltschutz

Am Kader vun den Europawahlen, de 26. Mee, kommen an de Kichegspréicher jonk Politiker zu Wuert, déi vun hirer Partei op d'Europalëscht mat geholl goufen. An der éischter Editioun schwätzen d'Martine Kemp (24, CSV), de Christian Welter (21, Piratepartei) an d'Elise Nunes (21, KPL) iwwer Ëmweltschutz.

auto_stories

3 min

Datt si nëmmen op der Lescht fir d'Europawahle stinn, well hir Parteien e jonke Politiker mat dobäi wollten hunn, loossen déi dräi net gëllen. "Ech hu kloer Visioune vun Europa a sinn och scho länger engagéiert", seet d'Martine Kemp vun der CSV. Dat wier och eppes vun deem hir Partei kéint profitéieren. An och de Christian Welter seet, datt hie senger Partei vill gutt Iddie géif matbréngen. Bei de Gemengewahlen, wou hie bis an de Péitenger Gemengerot erakoum, an och bei de Chamberwahlen, wier säi Resultat ganz gutt gewiescht, esou de jonke Politiker vun de Piraten, "et war logesch, fir mech op d'Lëscht ze setzen."

Wou sech déi dräi an der Ronn och sécher waren, ass, datt een de Problem vum Ëmweltschutz nëmmen op engem internationalen Niveau léise kann. "Mir sinn all concernéiert a mir musse global eppes maachen", esou d'Elise Nunes vun der KPL. Eng Zesummenaarbecht op EU-Niveau fir extrem wichteg fir an Zukunft méi op erneierbar Energien ze setzen, seet d'Martine Kemp a fënnt eng Energieunioun de richtege Wee. Datt also d'Energie tëschent den EU-Länner ausgetosch gëtt, well ee jo net iwwerall déi selwecht Méiglechkeeten huet, fir zum Beispill op Wand- oder Sonnenenergie ze setzen. Eng Iddi, déi de Christian Welter ënnerstëtzt, et misst awer och en eenheetlecht Konzept fonnt ginn.

Martine Kemp (CSV)

De jonke Politiker vun der Piratepartei ass och der Meenung, datt een, wann een am Ëmweltschutz weiderkomme wëllt, méi an d'Fuerschung investéiere muss, an datt déi dann och verstaatlecht sollt ginn. Dee Moment missten d'Bierger awer och Zougrëff op déi EU-wäit Date kréie fir esou transparent ze weisen, wat mat de Steiergelder geschitt, "fir datt d'Leit wëssen, wat fir Fuerschungsdate mir hunn".

Christian Welter (Piratepartei)

Fir d'Martine Kemp misst een an deem Fall awer och dofir suergen, d'Etüden ze kennzeechnen, datt se kontrolléiert goufen a glafwierdeg sinn. Fir d'CSV-Politikerin wier et awer och schwiereg ze soen, datt alles muss publizéiert ginn. En Tëschebilan wier net ëmmer aussokräfteg an heiansdo wier et och schwiereg ze soen, ob eng Fuerschung definitiv ob en Enn bruecht gouf.

Elise Nunes (KPL)

D'Elise Nunes vun der KPL an de Christian Welter fannen, datt d'Ëmwelt-Ziler vun der EU an d'Luucht gesat misse ginn. Beim Verbuet vum Plastik "loosse mir eis scho relativ vill Zäit", esou de Politiker vun de Piraten an och d'Ziler, déi am Paräisser Ofkommes festgehale goufen, kéinte méi ambitiéis sinn. D'Martine Kemp ass zwar och der Meenung, datt een déi Wäerter an d'Luucht setze kéint, fir d'éischt, misst een awer och dat erreechen, wat ee sech bis elo virgeholl huet.