Kieffer (CNAP): “Aktuelle Pensiounssystem ass ee Madoff-System”

20150810-Kieffer-1000568.jpg

De President vun der Pensiounskees ass weiderhin der Meenung, dass de Pensiounssystem, sou wéi en elo opgestallt ass, net nohalteg ass. Dat well de Leit méi versprach gëtt, wéi agezu gëtt. Och no der Reform vun 2012 gëtt de Géigewäert vun 48 Prozent vun der Lounmass zu Lëtzebuerg u Pensioune versprach, iwwerdeems d’Cotisatioune wéi zanter 1990 just bei 24 Prozent leien, esou de Robert Kieffer, dee vun engem "Madoff-System" geschwat huet (nom frauduléise Finanzmontage vum Amerikaner Bernard Madoff). Dem President vun der Pensiounskees no, hätt dat bis elo just funktionnéiert, well zu Lëtzebuerg permanent  méi Aarbechtsplazen geschaf goufen. "Wann déi Croissance an Zukunft ofhëlt, da wäert dat sech rächen, datt mer de Leit méi versprieche wéi mer anzéien", sou de Robert Kieffer. Hie rechent domadder, datt d’Ausgabe vum Rentesystem ëm d’Joer 2020 méi héich wäerte leie wéi d’Cotisatiounen a spéitstens Enn den 2020er Joeren, misst op d’Rentereserven zeréckgegraff ginn.

De Kompensatiounsfong, de Fong deen déi ëffentlech Rentereserve geréiert, huet d’läscht Joer en aussergewéinleche Rendement vu bal 11 Prozent gemaach. Wéi am Joresrapport 2014 steet, ass d’Reserve ëm ronn annerhallef Milliarden Euro op 15 Milliarden Euro gewuess. De Robert Kieffer relativéiert dat gutt Resultat an de Montant vun der Reserve. Fir de System kënnen oprecht z’erhalen, misst d’Rentereserven 30 Mol d’Joresausgaben duerstellen - amplaz wéi elo just véier Mol. Donieft mengt de President vum Kompensatiounsfong, datt wéinst der wirtschaftlecher Entwécklung, de Fong an de nächste Joeren duerchaus riskéiert och Mol Verloschter ze maachen.

Den Interview vum François Aulner mam Robert Kieffer:

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Berlinale70

    D'Berlinale feiert dëst Joer hire 70. Gebuertsdag ënner den neien Direktere Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. D'Sarah Pepin an den Tom Dockal si fir eis op der Plaz.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen