Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Performance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kierchefong schwätzt vun enger schwiereger Transitioun

Kierchefabricken

Kierchefong schwätzt vun enger schwiereger Transitioun

Déi 102 Kierchefabricken, déi vum Kierchefong geréiert ginn, hunn d'lescht Joer mat engem operationellen Defizit vun 875.000 Euro ofgeschloss. Déi Zuelen huet de Verwaltungsrot virun der Press genannt. De Kierchefong, deen zanter der Reform vun de Kierchefabricken 2018 de Patrimoine vun der kathoulescher Kierch geréiert, huet fir eng éischte Kéier seng Konte presentéiert a schwätzt vun enger schwiereger Transitioun.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fir méi Revenuen ze generéiere misst ee mam Patrimoine schaffen an a Projeten investéieren, erkläert d'Presidentin vum Verwaltungsrot, d'Marianne Bausch-Koenig.

De Kierchefong hätt iwwer déi lescht Joren 33 Immobiliëprojeten am Wäert vun 89 Milliounen Euro lancéiert, dovunner sinn der siwe fäerdeg, déi aner wieren nach an der Maach.

Desakraliséiert Kierchen

De Kierchefong brauch am Joer eng 8 Milliounen Euro, déi wéilt een iwwer Loyeren, Donen a Kollekten erakréien, seet d'Marianne Bausch-Koenig.

Aus Käschtegrënn huet de Kierchefong awer och decidéiert sech vun enger Partie Gebaier ze trennen: 21 Kierche goufen desakraliséiert. Räich géif een dovunner awer net ginn, preziséiert d'Presidentin vum Verwaltungsrot:

"Am Gesetz steet: wa mir eng Kierch net méi wëllen, da musse mer se der Gemeng fir 1 Euro ubidden. A vu datt dat matten am Duerf läit, seet praktesch ni eng Gemeng Nee."

Fir ze spueren: Kierche ginn net méi gehëtzt

Am Duerchschnëtt huet eng Kierchefabrick 83.000€ Chargen d'Joer. Een Drëttel dovunner ass op d'Energiekäschten zeréckzeféieren.

D'Marianne Bausch-Koenig rechent an Zukunft mat gréissere Problemer an der Gestioun vun de Kierchegebaier op Grond vun den héijen Energiepräisser. Dofir ginn d'Kierchen deelweis net méi gehëtzt. Dat wier awer schwiereg, well vill eeler Leit an d'Kierche kommen.

Wann de Wanter "wierklech schlëmm" gëtt, wéilte verschidde Poren eng vun hire Kierchen heizen, an déi nëmmen esou vill, datt se net zoufréieren, seet d'Marianne Bausch-Koenig.

2021 louchen déi gesamt Energiekäschte vun de Kierchefabricke bei ronn 1,4 Milliounen Euro. De Kierchefong geet dovunner aus, datt dës Chargen dëst Joer bis op 2 Milliounen Euro wäerte klammen.