Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Frànçois & The Atlas Mountains - Coucou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kinepolis muss 9,4 Millioune Steieren zeréckbezuelen

Groupe Utopia

Kinepolis muss 9,4 Millioune Steieren zeréckbezuelen

De belsche Kinepolis muss Steieren zeréck bezuelen, déi duerch e Ruling evitéiert gi waren. Dofir goung de Benefice erof, obwuel d'Ticketsverkeef geklomme sinn. Kinepolis hat de Groupe Utopia iwwerholl.

auto_stories

2 min

Den Utopolis soll geschwë renovéiert ginn

De lafende Gewënn vu Kinepolis ass am éischte Semester dëst Joer ëm 7,3 Prozent zeréckgaangen op 14 Milliounen Euro. Ee Grond dofir si Steieren, déi Kinepolis wéinst engem belsche Steierruling muss nobezuelen. Duerch dëse Ruling aus dem Joer 2012, konnt Kinepolis Millioune Steieren op iwwerschëssege Beneficer evitéieren. Nodeems d’EU-Kommissioun dee Ruling an engem Arrêt als illegal Staatshëllef deklaréiert huet, muss Kinepolis elo Steiere nobezuelen.

De Grupp hätt dofir 9,4 Milliounen Euro op d'Säit geluecht, seet de CEO vu Kinepolis, den Eddy Duquenne am 100,7-Interview. Gläichzäiteg huet Kinepolis awer decidéiert, d'Decisioun vun der EU-Kommissioun beim Europäesche Geriichtshaff ze kontestéieren. "Mir hunn näischt Illegales gemaach an eis un d’Regele vun deemools gehalen", seet de CEO. Kinepolis wier och net déi eenzeg Entreprise, déi den Arrêt vun der EU-Kommissioun um Geriicht géing kontestéieren.

Stabel Venten

Zanter November bedreift Kinepolis d'Utopolis- an Utopia-Kinoen zu Lëtzebuerg. An deenen dräi Kinoe goufen an den éischte sechs Méint vun dësem Joer eng hallef Millioun Tickete verkaf. "Dat entsprécht eisen Erwaardungen", seet den Eddy Duquenne. D'Ticketseventen zu Lëtzebuerg wieren am éischte Semester dëst Joer stabel bliwwe par Rapport zur selwechter Period amJoer virdrun.

Géing een all déi 47 Kinepolis Kinoen an Europa zesummen huelen, hätt de Groupe awer am éischte Semester eng Hausse vu 14,6 Prozent vun den Ticketsventen notéiert. Mat dozou bäigedroen hätte Blockbuster-Filmer, ewéi "Star Wars" an "The Revenant", esou de CEO. Déi dräi lescht Méint wier et par konter nees méi lues gaangen. Notamment wéinst der Foussball-EM wiere manner Blockbusteren erauskomm a manner Leit an de Kino gaangen.

Utopolis Kierchbierg gëtt nei gemaach

D'Renovatioun vum Utopolis géing virun der Dier stoen, esou den Eddy Duquenne. "All d'Kontrakter sinn ënnerschriwwen", seet de CEO vu Kinepolis. Elo géif een op d'Autorisatioune waarden, "mee mir si ganz enthusiastesch".

De Kino géif komplett nei gemaach ginn. Och d'Restauranten an aner Outlets um Site géifen erneiert ginn. Nimm vu Restauranten, déi nei op de Site kommen, wollt de CEO aus Confidentialitéitsgrënn net ginn.

Keng Ännerung bei Programmatioun zu Lëtzebuerg

Un der Programmatiounsphilosophie fir Lëtzebuerg wéilt Kinepolis dem Eddy Duquenne no näischt änneren. "Et muss een déi national Kultur a Gewunnechte respektéieren."

Dat fréiert Utopia-Team géif weiderhi fir d’Programmatioun responsabel bleiwen. Datt sech dorun ni eppes ännert, wéilt de CEO vu Kinepolis awer net ausschléissen. Awer nëmme, wa kloer wier datt d'Kinosgewunnechten a Goûten sech zu Lëtzebuerg geännert hätten, esou den Eddy Duquenne.

Interview mam Eddy Duquenneplay_arrow