Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kiosk oder Kulturhaus?

Schëffleng

Kiosk oder Kulturhaus?

De Kiosk op der Place Grande-Duchesse Charlotte zu Schëffleng soll Plaz maache fir e Kulturhaus. De Projet gouf virun dräi Joer gestëmmt. Lues a lues konkretiséiere sech d'Pläng. Mä d'Meenunge vun de Bierger an de Responsabele ginn ausernaner.

auto_stories

5 min

D'Pläng vun der Schëfflenger Gemeng gesi vir, de Kiosk op der Place Grande-Duchesse Charlotte ofzerappen an e Kulturhaus dohin ze bauen. De Kiosk, op der Plaz am Kär vun der véiert gréisster Gemeng am Land, gouf viru ronn 80 Joer gebaut.

D'Meenunge vun de Schëfflenger Bierger zum Thema ginn däitlech auserneen. De Kiosk wier e "Stéck Kultur vu Schëffleng", seet eng Awunnerin. Een anere Bierger huet eegenen Aussoen no näischt dogéint, datt de Kiosk Plaz soll maache fir e Kulturhaus. Hie géif sech allerdéngs wënschen, "datt nach e puer Parkplazen iwwereg bleiwen".

D'Parkplaze virum Kiosk op der Place Grande-Duchesse Charlotte

D'Geschicht vum Kiosk am Zweete Weltkrich

D'Schëfflenger si sech also net eens, wat genee mat der Plaz am Duerf soll geschéien. Zemools ëm de Kiosk maache sech vill Leit Gedanken. Fir d'Astrid Lulling, fréier Schëfflenger CSV-Buergermeeschtesch an Europadeputéiert, misst dat Gebai erhale bleiwen an als Denkmal klasséiert ginn. Si verweist op d'Geschicht vum Kiosk a vun der Resistenz am Zweete Weltkrich.

"Do hunn d'Preise jo alles ëmbenannt an d'Plaz wollte si "Adolf Hitler" Plaz nennen. D'Resistenz, déi war ganz äerdeg zu Schëffleng. Si huet an der Nuecht e Schëld "Place Grande-Duchesse Charlotte" op de Kiosk gemaach. An dunn hunn d'Preisen dat deen aneren Dag missten ewech maachen."

D'Astrid Lulling, fréier Schëfflenger CSV-Buergermeeschteg an Europadeputéiert

Verschidde Leit wollten, datt de Kiosk e "Lieu de mémoire" soll ginn, wéinst sengem geschichtlechen Hannergrond. Dat gesäit den aktuellen LSAP- Buergermeeschter vu Schëffleng, de Roland Schreiner awer anescht.

"Mir hunn een zentraalt Gedenkmonument a Schëffleng virun der Gemeng. Do hu mir eis och mat der Resistenz Organisatioun drop gëeenegt."

Wéi eng Zukunft fir de Kiosk?

Virun dräi Joer huet de "Service Sites et monuments" décidéiert, datt 250 Bauten zu Schëffleng solle geschützt ginn. De Kiosk war allerdéngs net dobäi. De Kiosk misst ofgerappt ginn, esou de Roland Schreiner, well en net an deenen aktuelle Bebauungs-Pläng vum neie Kulturhaus kéint integréiert ginn.

Eng Iddi wier et awer, e bestëmmten Deel vum Kiosk z'erhalen, mengt d'LSAP Politikerin Juliette Caputo-Johanns vum Syndicat d'Initiative et du Tourisme. "Ech schloe vir, datt mir uewen d'Spëtzt erofhuelen an déi an den neie Kulturzentrum abauen. Awer fir mech muss de Kiosk net stoe bleiwen."

D'Juliette Caputo-Johanns (LSAP), Presidentin vum Syndicat d'Initiative et du Tourisme zu Schëffleng

Den Dossier vum Kulturhaus gouf den aachte Mee dëst Joer am Gemengerot gestëmmt, seet de Guy Spanier, ekologesche Beroder vun der Gemeng Schëffleng. Hien huet och d'Prozedur vum PAP gemaach. Viru genee zwou Wochen hätt och de Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch seng Approbatioun ginn. Domat wier de Wee fräi fir e Bauten-Dossier z'erstellen, seet de Guy Spanier.

"An, datt dann och eng Baugenehmegung kann erdeelt ginn. Mä de Bauten-Dossier ass den Ament awer nach net esou wäit fortgeschratt, datt mir elo muer eng Genehmegungsprozedur an d'Wee leeden. Un dem Dossier gëtt nach vun den Architekten an de Gemengeservicer geschafft."

D'Kulturhaus soll "Nische fëllen"

Donieft misst elo nach en Notzungskonzept vun deem Kulturhaus ausgeschafft ginn, esou de Guy Spanier. Et misst een Nische fëllen, well et ronderëm Schëffleng schonn e puer kulturell Institutiounen, wéi zum Beispill d'Kulturfabrik zu Esch, d'Schongfabrik zu Téiteng, den Nëssert zu Biergem oder och nach d'Schmelz zu Diddeleng géif ginn.

Där Meenung ass och de Buergermeeschter Roland Schreiner. "Et soll e "Lieu de rencontre" sinn, wou d'Leit aus der Kulturzeen an och de Publikum sech sollen treffen. Wat haut an där Form, mat deenen Infrastrukturen déi mir hunn, net méiglech ass."

Ob d'Bierger dat och esou gesinn, wéi de Buergermeeschter, ass net kloer ze soen, well och hei ginn d'Meenungen, wéi et schéngt, auserneen. Ee Bierger plädéiert dofir, datt aner Saachen am Duerf sollen "an d'Rei gemaach, moderniséiert a verbessert solle ginn." E Kulturhaus géif Schëffleng "oppäppelen", mengt sengersäits de Christophe, dee vis-à-vis vum Kiosk wunnt.

De Christophe wunnt vis-à-vis vum Kiosk zu Schëffleng

D'Astrid Lulling, fréier Schëfflenger Buergermeeschtesch, seet, datt d'Schëfflenger Veräiner net onbedéngt op en neit Kulturhaus ugewise sinn. Fir gréisser Manifestatioune wier d'Hall Polyvalent an der Denis Netgen Strooss do. D'Concerte vun der Schëfflenger Musek géingen an der Sportshal opgefouert ginn.

"Ausserdeem baut een haut net méi matten an eng Wunngéigend e Kulturhaus. Wou dann owes e puer honnert Autoe sollen erausfueren an d'Leit net méi schlofe kënnen. Och mat der Parkplaz gëtt et e Problem. Dat ganzt ass e Problem, well ënnert der Plaz ass Schwemmbuedem. "

Et bleift nach villes ze klären

An dat wier e besonnesch grousse Problem, well ënnert d'Kulturhaus soll en ënnerierdesche Parking gebaut ginn, seet d'Astrid Lulling. Anescht erkläert dat d'LSAP-Politikerin a Presidentin vum Syndicat d'Initiative et du Tourisme, d'Juliette Caputo-Johanns.

"Et sinn Tester gemaach ginn, an do ass alles an der Rei. Mir hunn och déi Schreiwesse kritt, datt do näischt ass, wat een ënnerierdesche Parking verhënnert."

Et bleift also nach vill ze klären zu Schëffleng. Wéi genee d'Kulturhaus soll genotzt ginn, a wéi et um Enn soll ausgesinn, steet nach net fest. Fir d'Kulturjoer 2022 zu Esch wéilt awer och Schëffleng gär mat engem neie Kulturhaus säin Deel als Südgemeng bäidroen. De Wonsch vum Roland Schreiner, aktuelle Buergermeeschter, ass et, datt d'nächst Joer scho kéint mam Bau ugefaange ginn. Aweie wäert de Roland Schreiner d'Kulturhaus zu Schëffleng, wann et da sollt esou realiséiert ginn, awer net méi. Hien huet decidéiert, dëst Joer säi Posten ofzeginn.