Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerchwuessen Analyse vu klenge Parteien

Gemengewahlen 2017

Duerchwuessen Analyse vu klenge Parteien

No de Gemengewahle sinn déi kleng Parteie gréisstendeels zefridden, och wa si hir Ziler net an all Gemeng konnten erreechen. Et wier elo un der Zäit, d'Resultater z'analyséieren. Do si sech d'Parteien eens.

auto_stories

3 min

D'Piratepartei ass a sechs Gemengen ugetrueden. Nei Mandater krut si zu Réimech mat engem Sëtz an zu Péiteng mat zwee Sëtz. D'Partei ass am Allgemengen zefridden. Allerdéngs ass de Parteipresident vun der Piratepartei, de Sven Clement, enttäuscht iwwert d'Wahlresultat an der Stad.

"Mir haten d'Zil eranzekommen. Dëst Joer sinn d'Stëmme genee esou gefall, datt et kee 'Wackelsëtz' ginn ass, op dee mir cibléiert haten. Mam Score vun 2,6 Prozent musse mir eis net verstoppen. Dee Score hätt 2011 locker zu engem Sëtz gefouert. Dëst Joer war eng aner Stëmmung do an eng aner Stëmmenopdeelung, sou datt mer dee Sëtz net konnten kréien. Ech verstoppen awer och net, datt mir u sech dräi Prozent vun de Stëmme cibléiert haten, wat mir och net gepackt hunn."

"Vun null op 100"

D'ADR ass stabel bliwwen. D'Alternativ Demokratesch Reformpartei huet zu Péiteng awer ronn dräi Prozentpunkte verluer.

"Dat ass jo och bedéngt gewiescht duerch déi Affär mam Joé Thein. Hien ass mat senger Lëscht och net erakomm.

Wann een dee Prozentsaz géing zesumme rechnen, deen d'Lëscht vun der ADR an déi vun de Konservativen kritt hätten, wier d'ADR "erëm dobanne gewiescht."

Dofir hu mer awer iwwer siwe Prozent zu Beetebuerg kritt. Do hate mer e ganz gudde Score vun null op 100 gemaach a si souguer nach virun der DP an de Stëmmen ukomm," esou den ADR-President Jean Schoos.

Och wann am Virfeld net alles esou gelaf wier, wéi d'ADR sech dat virgestallt hätt, kéint een awer mam Resultat zefridde sinn.

E Phänomen vun de lénke Parteien

Déi kommunistesch Partei KPL war mam Zil an d'Gemengewahle gaangen, hir Resultater aus de leschte Gemengewahle vun 2011 ze widderhuelen. Zu Esch allerdéngs konnt d'KPL hire Sëtz net behalen.

"Zu Esch hu mir gesinn, datt déi dräi lénk Parteien, d'LSAP, déi Lénk an d'KPL verluer hunn. Et ass also net nëmmen e Phänomen, deen eng Partei betrëfft. Do muss ee sech natierlech Gedanke maachen, u wat dat läit," esou de KPL-President Aly Ruckert.

déi Lénk weist sech no de Gemengewahlen zefridde mat hirem Wahlresultat. Virun allem zu Suessem huet d'Partei eng Verduebelung vun de Lëschtestëmme kritt, esou d'Carole Thoma, Spriecherin vun déi Lénk.

"Dat ass e ganz staarkt politescht Signal. Mä och an deenen anere Gemengen, wéi zu Diddeleng oder an der Stad konnte mir all eis Sëtzer weider behalen. Zu Esch hu mir liicht verluer, mä och do konnte mir eis stabiliséieren.

A ville Gemenge wieren déi Lénk déi eenzeg lénk Partei, déi u Stëmme bäigewonnen hätt.