Radioen

On air

Notturno  |  Rozeen - A Little Bit Of Romance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimakonferenz ouni Vertrieder aus betraffe Länner?

Birgit Engel

Klimakonferenz ouni Vertrieder aus betraffe Länner?

Optakt vun der Klimakonferenz zu Glasgow. Nieft den offiziellen Delegatioune sinn 20.000 Journalisten, Klimaaktivisten oder Membere vun ONGe present. Leit aus concernéierte Länner hunn awer keen Zougang, kritiséiert d'ASTM.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Wéinst der Pandemie a wéinst de Restriktiounen hu vill Vertrieder aus de méi aarme Regioune Schwieregkeeten zu Glasgow un der Klimakonferenz Deel ze huelen, kritiséiert d'Birgit Engel vun der ASTM. Vill vun de Leit aus dem Süden hätten nach keng Méiglechkeet gehat, sech impfen ze loossen:

"Och d'Propos vun der brittescher Regierung fir een Zougang zur Impfung ze erméiglechen ass vill ze spéit komm. Do huet een sech misste Mëtt Juli umellen an dowéinst ginn et Schwieregkeete fir ee Visa dono ze kréien. D'Käschte fir déi Leit klammen extrem, well eng Quarantäne musse respektéieren, déi onheemlech héich Käschte mat sech zitt."

D'ASTM huet sech mat de Lëtzebuerger Engagementer auserneegesat an do géifen sech Froe stellen zu der Finanzéierung fir deene Länner ze hëllefen déi sech net un de Klimawiessel kënnen upassen, erkläert d'Birgit Engel.

Finanziell Hëllef néideg fir Verloschter a Schied duerch Klimawiessel

Déi finanziell Zousoen déi Lëtzebuerg decidéiert huet, dat heescht ee Budget vun 200 Milliounen Euro fir d'Period 2021 bis 2025, si fir déi international Klimaschutz Finanzéierung virgesinn. Mee et ass net ëmmer kloer a wéi engem Beräich déi Gelder solle genotzt ginn, stellt d'ASTM fest.

"Stéchwuert ass hei Loss and Damage, dat heescht Verloschter ënner deenen déi betraffe Länner schonn haut ze leiden hunn. Een Deel vun de Gelder fléisst an den Europa-Fong, een Deel kënnt der Zivilgesellschaft ze gutt, mee fir ee groussen Deel vun deem Budget ginn et nach keng kloer Detailer wéi se sollen agesat ginn. Kloer fir eis ass datt(...) do wou Leit hir Liewensgrondlag wéinst dem Klimawiessel scho verluer hunn, do gëtt et nach keen internationale Fong wou d'Länner do kënnen abezuele fir an deem Beräich ze hëllefen. Ëmmerhin ass et zanter der Klimakonferenz vu Warschau am Joer 2013 am Gespréich an do muss elo zu Glasgow ganz konkret eppes geschéien."

Wësse vun indigene Vëlker unerkennen

Op der COP26 fuerdert d'ASTM, datt een d'Wësse vun indigene Vëlker soll unerkennen, well si am beschte wëssen, wéi ee sech op de Klimawiessel kann upassen. D'Birgit Engel erwäänt do zum Beispill d'Situatioun am Reebësch am Amazonas: d'Leit hunn do traditionell Methoden entwéckelt fir kee Schued um Bësch ze hannerloossen:

"Dat si Beispiller, déi muss een och um internationale Plang unerkennen. Et kann net sinn datt wann ee vu Klimagerechtegkeet schwätzt datt dat nëmme fir Industrielänner gëllt a mir dann op Käschte vun deenen anere Länner eis eegen Emissioune probéieren ze reduzéieren. Wat hei ganz kloer muss geschéien ass eng Reduktioun op nationalem Plang an datt een net probéiert d'Verantwortung op aner Länner ze drécken."