Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Knauf Insulation grënnt Sàrl zu Lëtzebuerg

Industrie

Knauf Insulation grënnt Sàrl zu Lëtzebuerg

D'Firma Knauf Insulation gëtt d'Iddi net op fir eng Steewollfabréck zu Lëtzebuerg opzemaachen. Obwuel et Retizenze vun de Gemenge Suessem an Déifferdeng ginn. An obwuel vill Politiker an Ëmweltschützer d'Nohaltegkeet vum Projet a Fro stellen. Den 22. Dezember d'lescht Joer huet de Grupp eng Lëtzebuerger Sàrl gegrënnt, déi de Projet sur place virundreiwe soll.

auto_stories

2 min

Et géif drëm goe prett ze sinn, soubal d'Autorisatioun fir de Bau vun der Fabrik virläit, krute mir op Nofro hi gesot. An da wéilt een net nach Zäit domat verléieren, sech emol intern um administrative Plang opzestellen.

Knauf wëllt am Moment keen Interview ginn. De radio 100,7 krut awer eng schrëftlech Stellungnahm, mat där d'Firma d'Ëffentlechkeet virop emol berouege wëllt: Mir huelen eis Verantwortung fir Mënsch an Ëmwelt ganz eescht, heescht et direkt am éischte Saz. An de leschte véier Joer wär ganz vill investéiert ginn, fir d'Produktivitéit an an engems d'Eco-Bilanz ze verbesseren. Mam Resultat, datt Ziler, déi Knauf Insulation sech fir 2020 gesat hat, schonn 2017 erreecht gi wieren: 20 Prozent manner Energieverbrauch, 25 Prozent manner CO2-Ausstous, zéng Prozent manner Waasserkonsum.

Knauf pocht op Virdeeler vu Steewoll

Mä net just eegen Efforte wieren am Sënn vun Ëmwelt an Nohaltegkeet. Och d'Aktivitéit, d'Produkter, déi d'Firma hierstellt, wieren dat. Eng gutt Isolatioun kéint de Besoin un Energie vun de Privatstéit ëm bis zu 70 Prozent reduzéieren. A manner Energieverbrauch géif manner CO2-Emissioune bedeiten. An zwar zolidd manner, wann ee virun Aen hätt, datt d'Gebaier 40 Prozent vun der gesamter Energie verbrauchen, déi an der EU genotzt gëtt.

Ofschléissend ass et dës Remark: Wann een dovun ausgeet, datt e Gebai eng Liewensdauer vu 50 Joer huet, da géif d'Isolatioun mat enger mineralescher Woll (wéi zum Beispill Steewoll) hëllefen, 200 mol esouvill CO2 Emissiounen anzespueren, wéi der bei der Produktioun, dem Transport, der Installatioun an der Eliminatioun vun där Woll ufalen. Behaapt Knauf Insulation.

Spezialiséiert Internetsitten, déi verschidden Isolatiounsmaterialie matenee vergläichen, confirméieren déi besser ekologesch Bilanz vu Steewoll par Rapport zu Styropor. Souguer bei der Produktioun, obschonn do ganz vill Energie gebraucht gëtt. Bei der Entsuergung souwisou. D'Isolatiounsleeschtung vu béide Produkter schéngt zimlech identesch ze sinn. Steewoll garantéiert definitiv dee bessere Brandschutz.