Am Ausseministère war déi lescht Plenièresreunioun vun den dräi Verhandlungsdelegatiounen zesumme mam Regierungsformateur.
De kompletten Text vum Koalitiounsaccord kann een hei noliesen.
Parteigremie mussen dem Text nach zoustëmmen
D'Koalitiounsverhandlungen haten de 17. Oktober ugefaangen, a si waren de leschte Mëttwoch ofgeschloss ginn. Éischt grouss Linnen aus dem Accord waren een Donneschdeg virgestallt ginn. D'Parteigremie vun DP, LSAP an déi gréng komme muer den Owend um hallwer siwe separat an zäitgläich zesummen, fir iwwer de Koalitiounsaccord an iwwer d'Minister-Personal ofzestëmmen.
Déi nei Regierung soll iwwermuer de Mëtteg am Palais vereedegt ginn. Duerno ass den éischte Regierungsrot, esou de Xavier Bettel.