Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Komm mir paken Holz un"

Schwéngspescht

"Komm mir paken Holz un"

Wahrscheinlech wier et virun allem der Areler Autobunn ze verdanken, datt d'Schwéngspescht bis elo nach net zu Lëtzebuerg ukomm ass: Si wier en Hindernis, dat fir d'Wëllschwäin awer net esou liicht ze iwwerwannen ass, seet de Guy Schmit, Schwéngsziichter a President vun der Déierenzuucht-Genossenschaft Convis.

auto_stories

2 min

Am belsche Grenzgebitt sinn zanter Mëtt September zejoert méi wéi 700 Wëllschwäi gezielt ginn, déi mam Virus vun der afrikanescher Schwéngspescht infizéiert waren. Hei zu Lëtzebuerg: keen eent. Trotzdem fäert de Guy Schmit, datt et just eng Fro vun der Zäit ass, bis de Virus och eist Land erreecht.

Den Zonk: Eng gutt Saach

D'Schwéngsbauere begréissen, datt elo en Zonk laanscht déi belsch Grenz gebaut gëtt: dee wier zwar keng Garantie, mee eng nëtzlech Mesure, déi zwar spéit kéim, mee léiwer spéit wéi ni. "Mir si frou, datt dat geschitt ass, dat geet elo an déi richteg Richtung". Dës Mesure hätt een awer schonn am ganze Joer 2018 huele kënnen, bedauert de Guy Schmit.

De Guy Schmit huet doriwwer eraus gefuerdert, datt nach méi Wëllschwäi geschoss ginn, an datt bei der Juegd nach weider Ouverture gemaach ginn. Wann d'Schwéngspescht bis op Lëtzebuerg géif kommen, da géife verschidde Géigenden zum Spärgebitt ginn. Dat hätt "verheerend Konsequenzen", seet de Guy Schmit.

Nëmme fir Schwäi geféierlech

De Virus vun der afrikanescher Schwéngspescht ass extrem geféierlech, awer nëmme fir Haus- a Wëllschwäin, déi bannent enger Woch dorunner stierwen. Fir de Mënsch ass e komplett ongeféierlech, fir all aner Déieren och. An der Landwirtschaft ass déi Kränkt also am Fong just fir Schwéngsbaueren e Problem.

Just Wëllschwäin an Hausschwäin si vum Virus vun der Schwéngspescht betraff. Foto: Bigstock / Creaturart

Déi aner Bauere weise sech awer solidaresch mat de Schwéngsbaueren, seet de Guy Schmit. "Obschonn ee muss soen: Si hu sech laang nEt concernéiert gefillt, well sI sech jo net brauche concernéiert ze fillen. Ee Koubauer brauch net ze fäerten." Trotzdem hätten d'Bauere verstanen, datt si och beanträchtegt wieren: d'Beweegunge mam Trakter oder mam Méidrescher wieren dann och betraff. Déi aner Baueren hätten awer e bësse gebraucht, bis datt si dat verstanen hunn, seet de Guy Schmit.

Et wier och net gutt, wann d'Landwirtschaft erëm wéinst Liewensmëttelsécherheet an d'Gespréich géif kommen, an "et ass dat, wat mir onbedéngt musse vermeiden". Där Skandaler hätte Bauere genuch gehat, an dorop kéint ee "ganz gär verzichten", esou de Guy Schmit.