Radioen

On air

Notturno  |  Hervé Jeanne, Hans Malte Witte, Eike Wulfmeier & Stephan Emig - Arusha Ng'iresi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU ënnergrueft Recht op Asyl

Flüchtlingskris

EU ënnergrueft Recht op Asyl

Zënter Sonndeg Mëtternuecht kënnen illegaliséiert Migrante vu Griicheland aus zeréck an d'Tierkei expluséiert ginn. D'EU-Memberstaten hunn de leschte Freideg een Accord mat der Tierkei ofgeschloss, mat deem offiziell nëmmen déi illegal Migratioun via den tierkeschen Territoire an d'Europäesch Unioun soll gestoppt ginn. Faktesch gëtt domat awer d'Recht op Asyl vun de betraffene Mënschen allgemeng ënnergruewen, mengt de Michel Delage an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

Michel Delage

Vill vun de Commentairen, déi nom Ofkommes tëschent der Europäescher Unioun an der Tierkei gemaach goufen, hu sech op d’Fro konzentréiert, ob esou een Accord mat der tierkescher Regierung iwwerhaapt ze vertrieden ass. Politesch an ethesch Iwwerleeunge goufen an de Virdergrond gestallt. Kann een, beispillsweis, ofgewise Flüchtlingen an ee Land zeréck schécken, dat sech – Mënscherechtsorganisatiounen no - net u verschidden international Rechtsnormen hält? Versicht déi Europäesch Unioun hei net hir rechtlech Obligatioun ze ëmgoen, Asyldemande vu Flüchtlinge wéinstens emol ze iwwerpréiwen?

Ënnert dem Deckmantel vun engem Kampf géint déi illegal Migratioun, huet den Deal mat Ankara manifestement als Zil, Migranten, déi an Europa wëlle kommen, dëst Recht - jo, et ass e Recht! - ewech ze huelen. D’Festleeë vun engem Plafong vun 72.000 Plaze fir legal Migratioun weist et. D’Argument vun den 28 EU-Memberstaten: et kéint een net méi Leit ophuelen. Dat gëtt alt emol esou dekretéiert, eesäiteg, ouni dofir Beweiser ze liwweren. Datt et net ka stëmme beleeën déi Millioune Mënschen an Nout, déi d’Tierkei, de Libanon a Jordanien hirersäits kënnen empfänken.

Der Tierkei an deem Zesummenhang da wëlle Lektiounen ze erdeelen ass problematesch. An no deem Beispill vu Realpolitik, deen den EU-Tierkei-Accord nun emol ass, kann déi Europäesch Unioun och net als de Garant vu moralesch héije Wäerter optrieden.

Geopolitesch Ursaachen a Responsabilitéite ginn ënnert den Teppech gekiert

De Premier Xavier Bëttel war nom Sommet der Meenung, datt den Accord mam tierkesche Premier Ahmet Davutoglu nëmmen een Deel vun der Léisung an der “Flüchtlingsfro” wier. Ee vun de Voleten, déi nach missten ugepak ginn, hat den DP-Politiker esou ëmschriwwen: “ de ‘cessez-le-feu’ a Syrien ass schonn e gutt Zeechen an déi richteg Richtung”. Weider ass hien awer net op dee Krich agaang, deen ouni Zweiwel de Grond dofir ass, datt Dausende vu Mënsche sech gezwonge gesinn hunn, vun doheem ze flüchten. Grad ewéi Dausende vu Mënschen den Irak oder Afghanistan hu misste verloossen. Firwat sinn déi Kricher allerdéngs ausgebrach?

Eng wichteg Fro, wann net esouguer déi wichtegst. Westlech Staaten, dorënner d’USA mee och grouss EU-Memberen, wollten a Syrien de President Bashar Al Assad lassginn. Am Irak wollten d’Amerikaner de Saddam Hussein vun der Muecht bombardéieren. Am Afghanistan sollt den Taliban d’Handwierk geluecht ginn, mam bekannte Resultat. A Libyen sollt de Muammar Khadafi ecartéiert ginn – dat hat och de Lëtzebuerger Diplomatiechef Jean Assselborn haart gefuerdert. Asw.

Déi geopolitesch Ursaache vun der “Flüchtlingskris” trieden awer an den Hannergrond. Beschäftegt gëtt sech léiwer mat engem “Problem”, fir deen, wéi et schéngt, kee kann, an, souzesoen, vum Himmel erof gefall ass. D’Fro vun der Responsabilitéit gëtt esou ënnert den Teppech gekiert.