Kommentar : "Grénge Virstouss an der Accisen-Diskussioun ass inkonsequent"

Déi Gréng hunn an de leschten Deeg op sech opmierksam gemaach : nodeems verschidde vu hire Politiker déi geplangte Baisse vun den Accisen um Tubak ëffentlech kritiséiert hunn, huet d’Fraktioun den 3. November matgedeelt, datt se déi Baisse elo awer mat dréit. "Wann ee sech schonn esou aus der Fënster leet, muss een och wësse, wat een erreeche wëll", esou de Jean-Claude Franck an engem Kommentar am Mëttespanorama vum 4. November.

  De Kommentar fir nozeliesen :

Prinzipiell war et ze begréisse, wat déi Jong Gréng, déi gréng Deputéiert Josée Lorsché an déi gréng Parteipresidentin Sam Tanson gemaach hunn: si stoungen zu hirer Parteilinn, an hu kritiséiert, datt déi economesch Interessien net dierfte virun déi gesondheetlech Interessie gestallt ginn. D’Gesondheetspolitik hat am grénge Wahlprogramm fir d’Chamberwahle vun zejoert eng grouss Plaz, an d’Steieren um Tubak wollten déi Gréng souwisou erop schrauwen, net erof.

Prinzipiell ass et och gutt, wann d’Fraktioune vun de Regierungsparteien e Wuert matzeschwätzen hunn. An enger parlamentarescher Demokratie, déi mer jo wëlle sinn, ass et eng gutt Saach, wann d’Deputéiert vun der Majoritéit sech emanzipéiere fir “hir” Regierungsmemberen am Ae ze behalen. D’Exekutive, déi all Dag Decisiounen huele muss, an déi dem Drock vu ville Lobbyisten ausgesat ass, brauch och e Géigepole, deen d’Exekutive un hir Parteilinn a Verspriechen erënnert.

Allerdéngs huet dat an der Vergaangenheet net zur lëtzebuerger Kultur gehéiert : wann déi nei Regierung mam Prinzip vu staarke Majoritéitsfraktiounen averstane wier, da misst dat fir déi dräi Fraktioune gëllen, an et misst konsequent duerchgezu ginn – an net just da, wann ee mengt, et géif him grad gutt zu Gesiicht stoe, sech ëffentlech ze profiléieren, op Käschte vun deenen aneren zwee Partner.

A wann Déi Gréng konsequent eng staark Fraktioun wéilte sinn, da misste si sech och an aneren Dossiere wieren. D’Baisse vun den Accisen um Tubak ass net déi eenzeg Mesure vun dëser Regierung, déi schlecht mat grénger Politik iwwertenee stëmmt. Déi Jonk Gréng hätte genee sou kënnen no vir geschéckt gi fir sech ze beschwéieren, datt d’Betriber net genuch am Spuer- a Steierpak bäisteiere missten, datt de Prinzip vum Pollueur/Payeur méi misst verankert ginn oder datt nach kee gesot huet, datt déi annoncéiert Steierreform och soll eng gréng Steierreform ginn.

Also bleift en isoléierten Akt vun e puer grénge Politiker, déi fir kuerz Zäit Réckewand verspiert huet hunn, ier se iwwert de Weekend vun hire Ministeren, a vun de Koalitiounskollege séier Géigewand ze verspiere kruten. Déi Gréng Fraktioun huet kleng bäi ginn, a sech an engem Communiqué averstan erkläert, mat de Regierungspläng fir d’Accisen um Tubak op den éischte Januar erof ze setzen. E Réckzéier dee just Schierbelen hannerlooss huet well d’Matsproocherecht vun de Fraktiounen net gekläert ass. Politesch Konsequenz ass eppes anescht.

Programm

Net verpassen

  • AutorInne-Lies

    Autorinnelies final

    Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen. 

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen