Kommentar iwwer School-Leaks : "Crise am Enseignement ?"

Wéinst Aussoen iwwer d’School-Leaks-Affaire huet d’CSV eng Entschëllegung vum Premier a vum Educatiounsminister gefuerdert. Déi zwee DP-Politiker haten ëffentlech d’Fro gestallt ob d’Oppositiounspartei politesch Hannergedanken hat oder sech instrumentaliséiere gelooss huet bei de Fuitë vun den Orientatiounstester an der Grondschoul. Mat engem politesche Klengkrich tëscht DP an CSV ginn déi méi déifgräifend Problemer am Enseignement net geléist. E Kommentar vum Jean-Claude Franck am Moies-Panorama vum 30. Mäerz

De Fall vun zwou Proffen déi bewosst a mat System d’Orientatiounstester un d’CSV, un d’Press an un Eltere verdeelt hunn, ass – och wann een et isoléiert kuckt – interessant. D’Enquête muss weise, firwat Fonctionnairen op d’Iddi kommen, d’Tester an d’Verbesserungen op Wetransfer.com ze lueden a vun do aus ze verdeelen. Et si wuel nëmmen Tester déi d’Schüler an hirem Choix fir de Lycée orientéiere sollen, an awer stécht eng Demarche dohannert fir de System ze sabotéieren. Eng Manéier och vläit fir déi eegen Iwwerzeegung ze verbreeden, datt d’Fonctionnairen aus dem Ministère um Aldringen näischt daachen.

Et gëtt scho méi laang ugeholl, datt méi Enseignanten d’Froen aus den Orientatiounstester virun den Epreuven un Eltere weider ginn hunn oder d’Sujeten am Virfeld mat hire Schüler geübt hunn. Mir wëssen och, datt de Ministère schonn an der Vergaangenheet dorop opmierksam gemat gouf. Woumat ee sech um Aldringen d’Fro gefale muss, firwat een net schonn éischter dofir gesuergt huet, datt dat ophält.

Mä doriwwer eraus hunn och all d’Enseignanten eng grouss Responsabilitéit. Si si Fonctionnairen a schaffe fir d’Allgemengheet : dat huet fir si aarbechtsrechtlech a finanziell Virdeeler, bréngt awer och Obligatioune mat sech.

Wann also Verschiddener vun hinne sech bewosst net un d’Prozeduren halen, da sinn ech tentéiert ze soen : dat do ass ee weidert Element, dat weist, datt den Enseignement an enger Kris stécht.

Et ass onëmstridden, datt d’Erausfuerderunge fir Schoul ze halen haut méi grouss si wéi jee: an der Schoul treffe vill Kulturen a Sproochen openeen, d’sozial Schichten an deenen d’Kanner liewen driften och zu Lëtzebuerg méi wäit auserneen, an et ginn der ëmmer méi, déi an der Spillschoul nach net schwätze, mat aacht Joer nach kee Repère am Liewen hu, mat zéng Joer nach net Vëlo fuere kënnen oder mat dräizéng sou grouss Verhalensstéierunge weisen, datt et hei am Land net méi genuch Spezialiste gëtt, fir hinnen ze hëllefen.

An deem Kontext ginn et Enseignanten, déi realiséieren, datt se entweder net dofir gemaach sinn oder datt se net déi néideg Formatioun krute fir déi vill Defien ze meeschteren. Anerer débrouilléiere sech mat vill Asaz an Talent, kréien trotzdem net déi Unerkennung an Ënnerstëtzung déi se bräichten. D’Unzuel u Klasse geet a verschiddene Gemengen erof, de Ministère hëlt Decisiounen déi um Terrain net ëmmer z’applizéiere sinn, déi administrativ Aufgabe si geklomm, de Kontakt mat den Elteren ass heiansdo schwiereg. Schouldirekteren an der Grondschoul sinn net erwënscht : eng kloer Hierarchie gëtt et domat net, a wa vun den Inspekteren Hëllef a Kontroll vu bausse méiglech wier, fonctionnéiert dat och net ëmmer, well eng Partie Inspekteren hunn d’Situatioun net am Grëff oder sinn net fir deen Job gemaach.

Wéi ee mat all deem ëmgoe soll, doriwwer gëtt et an Enseignantskreesser kee Konsens. Et ginn déi, déi Ännerungen a Verbesserunge wëllen, an et ginn déi, déi bei Changementer jäizen – woubäi et da séier just nach em Emotioune geet an net méi em d’Saach. D’Gewerkschaften, esou huet een den Androck, sichen tëscht deenen Engen an deenen Aneren hir Plaz, mam Risiko datt se de Kontakt zu engem Deel vun der Basis verléieren an datt se haaptsächlech op déi lauschteren, déi sech am meeschte beschwéieren.

Dat alles ass immens Schued, well Kanner no beschtem Wëssen a Gewëssen z’enseignéieren ass eigentlech eng ganz nobel Aufgab. E gudden Ufank wier et vläit, wann déi Aufgab dann och mol nees méi géif an de Mëttelpunkt réckelen...

De Kommentar fir nozelauschteren :

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen