Kommentar iwwer Wäerteunterrecht

D’Fronte ronderëm dat geplangtent neit konfessionsneutralt Fach “Leben und Gesellschaft” schéinen sech ze verhäerden, vrun allem zanter der Publikatioun vu de politesche Richtlinne vum neie Fach. An zanter den Educatiounsministère de Bildungsexpert Jürgen Oelkers als "neutrale Moderateur" vum neien Aarbechtsgrupp fir de Wäerteunterrecht genannt huet. E Kommentar vum Mick Entringer:

 

Virop. Et geet drëm aus 2 ënnerschiddleche Fächer en neit ze maachen. Esou steet et am Regierungsprogramm. E Fach iwwert dat gesellschaftlech allgemeng konfessiounsneutral a Wäerter kenne vermëttelt ginn. Fir datt dat geléngt, muss ee Schnëttstelle fannen tëscht zwou Weltanschauungen. Derbäi geet et net duer ze soen, datt dat neit Fach konfessiounsneutral wärt sinn, an datt d’Reliounen eng Plaz dra solle kréien. Domadder si jo béid Säite – déi vun de Reliounsenseignanten an déi vun den Enseignantë vun der "Education morale et sociale" averstanen. Dobausse gëtt elo den Androck vermëttelt gëtt datt déi laizistesch Gruppen intolerant wären, an eppes géint Reliounen hätten. Wat eng intellektuell Ënnerstellung ass. Och elo scho si Reliounen an de Moralcourse behandelt ginn. De Punkt ass net datt am neie Cours iwwert Relioune geschwat gëtt, mee wéi driwwer geschwat gëtt.

An wann d’Regierung hirem Usproch gerecht wëll ginn, da muss doriwwer eng kloer Ausso gemaach ginn. Eng kloer Ausso wär fir eng reliounsintern Ausernanersetzung mat Relioune kategoresch aus ze schléissen, a fir d’Philosophie als Leitdisziplin ze definéieren; wat dee vun der Regierung designéierten Expert Jürgen Oelkers – deen d’Positioune vu béide Säite soll zesumme féiere – d’office wéi en rout Duch a senge Virstellungsvirtrag vrun enger Woch ausgeschloss huet. Stellt sech d’Fro firwat dat esou ass; a firwat, datt de Ministère dat esou acceptéiert. Ass et eng virauseilend Ënnerwerfung géigeniwwer deem wat ee mengt wat d’Kierche vun engem erwaarde géingen?

Géigeniwwer der Vehemenz mat der den Edukatiousnministère säin Text verteidegt, a géigeniwwer dem diskutabele Choix vu senge sougenannten neutrale Moderateur bleift d’Fro net aus, ob de Kadertext Deel vun de Verhandlunge war tëscht Kierch a Staat war.

Falls datt net esou ass, erwaard een sech vun der Regierung méi intellektuellen Onofhängegkeet a Courage zum neie Fach.

Am Sënn vun engem Régis Debray deen a Frankräich scho vrun 10 Joer en Rapport publizéiert huet iwwerschriwwen : “L’enseignement du fait religieux dans l’école laïque » wou de lénken Intellektuellen de Reliounen an der Schoul eng wichteg gesellschaftlech Plaz zousprëcht.

Dernieft schléissen zäitgenösseg Theologen eng philosophesch Ausernanersetzung mam sougenannte “fait religieux” nämlech och net aus.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen