Kommentar: Journalist Thoma am Bommeleeërprozess

De Journalist Marc Thoma gouf an den Zeiestand geruff, well hien engem fréiere Polizist soll erzielt hunn, e wier 2008 um Juegdschlass Zeie gewiescht wéi eng Grupp Leit, dorënner déi zwee Police-Offizéier Zovilé a Schockweiler e Spottlidd iwwert de Procureur Robert Biever an de Bommeleeër gesongen hätten.

De Marc Thoma huet refuséiert, den Eed als Zeien ze leeschten a wollt sech op säin Informanteschutz als Journalist beruffen. Dass hien sech och ënner Eed dorop kéint beruffen, wollt de Marc Thoma net akzeptéieren. D'Geriicht huet op Demande vum Parquet dorop de Marc Thoma zu enger Geldstrof vu 500 Euro wéint “Non-Comparution” veruerteelt an en nach emol fir nächste Méindeg convoquéiert.

D'Behuele vum RTL-Journalist gëscht huet,  souwuel juristesch wéi och journalistesch, eng Rei Froen opgeworf, mengt an dësem Kommentar de Jean-Claude Wolff:

Den Text vum Kommentar:
Journalist huet d'Recht, an deontologesch souguer d'Pflicht, senge Quellen nimools präiszeginn. Dat steet net nëmmen an de Lëtzebuerger Gesetzer mee ass och duerch Jurisprudenze vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff méi wéi eemol konfirméiert ginn.

Wann de Marc Thoma déi Geschicht iwwert déi Szeen am Bistro Juegdschlass, déi hien dem fréiere Polizist Guy Schmit erzielt huet, also vun engem Informant gewuer gouf, da kann hie refuséieren, deen Informant ze nennen. Dat kann hien och ënner Eed maachen, also ass säi Recht, den Informant net ze nennen, net ofhängeg dovun, op hie vereedegt ass oder net.

Firwat also hellt de Marc Thoma eng Amende vu 500 Euro, a villäicht nach eng Contrainte par Corps a Kaf, an deem e refuséiert, den Eed ze leeschten?

Den Zeie Schmit sot, de Marc Thoma hätt him d'Geschicht esou erzielt, wéi wa keen Informant am Spill gewiescht wier, mee wéi wann hien déi Szeen selwer um Juegdschlass erlieft hätt. Wier dat esou an et géing also keen Informant ginn, da kéint de Marc Thoma och keen Informanteschutz invoquéieren. Da wier seng Ausso nët déi vun engem Journalist, mee vum Bierger Thoma, deen als normalen Zeie muss aussoen, a wann en den Eed bis geleescht huet, forcéiert ass, d 'ourecht ze soen, déi ganz Wourecht, a soss näischt wéi d'Wourecht. Am Fall vu Falschausso riskéiert hien dann tëscht 5 an 10 Joer Prisong.

Eng Falschausso wier dann gegebenefalls och d’Beruffen op en Informant, deen et villäicht guer net gëtt. An dat kéint jo opfléien, wann et déi ominéis Gesangsstonn um Juegdschlass wierklech gouf, de Marc Thoma wierklech den Aen- an Ouerenzeien dovu wor, a gesi gouf, an ee vun de Sänger dee Gesangsintermezzo, deen zwar deplacéiert, mee net strofbar ass, op eemol géing avouéieren.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen