Radioen

On air

Notturno  |  Anna Butterss - Doo Wop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verkéiert Mediepolitik

Konventioun RTL-Staat

Verkéiert Mediepolitik

RTL soll vun 2021 un eng direkt Subventioun vun zéng Milliounen Euro d'Joer kréien. DP, LSAP, déi gréng an CSV sinn domadder averstanen. RTL kann een an dësem Dossier nëmme felicitéieren. Mä iwwer d'Liichtfankegkeet, mat där d'Regierung, de Service des Médias an d'Chamber mat Steiergelder ëmginn, muss ee sech eescht Suerge maachen.

auto_stories

3 min

Fir t'éischt Fakte schaffen, an dann iwwer d'Feeler nodenken, déi ee gemaach huet: Doran ass d'Chamber zimlech gutt. Wann een d'Päerd vun hanne suedelt, ass dat kee Wonner. Esou huet d'Chamber et fäerdeg bruecht der Regierung en Optrag ze ginn, fir d'Konventioun tëscht Staat an RTL ze finaliséieren. A wann dat da bis a Stee gemeesselt ass, mécht d'Parlament sech am Mee gär generell Gedanken iwwer d'Mediepolitik zu Lëtzebuerg. Méi verkéiert kann ee Mediepolitik net ugoen.

Wéi ee Service Public fir Lëtzebuerg?

Fir RTL ass de Plang opgaangen: E kommerzielle Grupp, deem et alles anescht wéi schlecht geet, kritt vun den 2020er Joren un eng zousätzlech staatlech Ënnerstëtzung. D'Wuert zousätzlech ass hei wichteg, well et ass net déi éischt. Elleng den Immobilieprojet, deen RTL um Kierchbierg dierf verwierklechen, dierft deen een oder aneren Euro erabréngen, mä dat - wéi och de generelle Benefice vum RTL Group - gëtt mat Genoss aus der Diskussioun erausgelooss. Scheiklappen un an duerch.

Dobäi wier et eng gutt Geleeënheet gewiescht, fir eng wichteg Diskussioun iwwer den audiovisuelle Service Public zu Lëtzebuerg, woumat natierlech och de radio 100,7 als ëffentlech-rechtleche Radio zur Debatt gestanen hätt. Wat sinn d'Vir- an Nodeeler vum Service Public? Wat sollen d'Steierzueler dofir ausginn? Wéi eng Modeller hu sech am Ausland bewisen a wéi eng net? Wéi eng Struktur, Gouvernance a Kontroll ass déi bescht, fir e qualitativen a virun allem onofhängege Service Public ze garantéieren?

Fakte schafen ouni Fakten

Déi Diskussioun war net gewollt, genee sou wéineg wéi d'Diskussioun iwwer déi spezifesch Elementer aus der Konventioun tëscht RTL an dem Kommunikatiounsministère. Datt de juristeschen Avis eréischt ugefrot gouf, wéi d'Konventioun schonn ausgehandelt war, weist, datt de Kommunikatiounsministère an RTL sech scho laang Eens waren iwwer déi staatlech Subventioun, an datt eréischt a posteriori no de Justifikatioune gesicht gëtt, fir dat Ganzt an dréchen Dicher ze kréien.

An obwuel d'Chamber keen Abléck an detailléiert Konte krut; obwuel d'Chamber matkrut, datt inhaltlech näischt ännere soll, mä just zwou Alibi-Kommissioune bäigeprafft ginn; obwuel keng budgetär Evaluatioune virleien, wat eng richteg onofhängeg ëffentlech-rechtlech Tëlee kascht hätt, déi näischt mat engem kommerzielle Grupp ze dinn huet; obwuel déi dominant Stellung vum RTL Group am audiovisuelle Secteur domat a Bëtong gegoss gëtt, hunn déi véier gréisst Parteien an der Chamber der Regierung gréng Luucht ginn, fir de Konzessiounsvertrag ze finaliséieren.

Politik a privat Interessen

Dräi vun deene véier Parteien hunn en héichrangege Vertrieder am CLT-UFA-Verwaltungsrot fir sech do e klengen Nieweverdéngscht z'assuréieren. RTL, e private Konzern mat enger kommerzieller Betribslogik, hätt sech net besser kënnen uleeën.

Ganz anescht wéi d'Regierung an d'Parlament, déi eigentlech den Intérêt général misste virun Aen hunn, an net hiren eegenen oder dee vun engem private Konzern.

Kommentar vum Jean-Claude Franckplay_arrow