Kommentar: Relevanz vun Ëmfroen
D’lescht Woch hunn d’Lëtzebuerger Wort an RTL nees d’Resultater vun Ëmfroe publizéiert, déi se a regelméissegen Ofstänn an Optrag ginn. Ënnert anerem goufen hei d’Sympathie respektiv d’Kompetenz vun deenen engen an deenen anere Politiker gemooss.
"Sympathie a Kompetenz, dat sinn zwee Bewäertungs-Kritären an enger entpolitiséierter Gesellschaft", esou de Michel Delage an engem Kommentar.
De ganzen Text vum Kommentar:
Et gëtt ee net midd Sondagen ze kritiséieren, ënnert anerem hier Methodologie. An dozou gehéieren d’Froen déi gestallt ginn. Virun de leschte virgezunne Chamberwalen krut de Publik all méiglech Ëmfroen zerwéiert... just net déi eenzeg, déi zu deem Moment vläit déi pertinentst gewiescht wier, nämlech: “Wee géif Dir wielen wann e Sonnde Wale wieren?” Eng glafwierdeg Erklärung vum übleche verdächtegen TNS-Ilres a vun de Medien, déi hier Sondage gewéinlech bei den Institut akafe ginn, gouf et bis elo nach net...
Dofir gëtt et dann a regelméissegen Ofstänn d’Klassement vun deene Politiker, déi vun de Befrotene fir di Sympatheschst respektiv déi Kompetentst gehale ginn. Wat Sympathie bei der Bewäertung vu Politiker ze sichen huet, ass nëmme schwéier bis guer net nozevollzéien. No der Kompetenz ze froen ass – wéinstens dem Uschäin no – scho méi relevant. Béid Kritäre passen op jidder Fall bei eng entpolitiséiert Gesellschaft, bei en technokratesche System. Héich oder niddreg Sympathie- a Kompetenzwäerter moosse weider näischt ewéi den Androck, deen et engem Politiker geléngt no baussen ze vermëttelen. Domat weess hien, op seng Kommunikatiouns-Aarbecht Friichte gedroen huet oder awer muss verbessert ginn... onofhängeg vu senger reeller Leeschtung.
Ofgesi vun der Bewäertung vu Sympathie, déi een de Leit duerchaus kann zoutrauen: wat ass iwwerhaapt den Undeel vun de Wieler, déi Kompetenz bei engem Politiker och kënne beuerteelen? Ugeholl de Gros kéint dat, wat huet dat nach mat Politik an engem demokratesche System ze dinn? Misst an engem politesche Spill, wou d’Kräfteverhältnis den Ausschlag gëtt, net éischter dono gekuckt ginn, wéi eng Politiker oder, besser: Parteien, di eegen Interessien, oder déi di ee wëll ënnerstëtzen, am beschte vertrieden?
Wa Kompetenz den Haaptkritär soll sinn, da brauch een jo ënner Ëmstänn keng Politiker ze wielen. Experte fir di verschidde Beräicher vun der Verwaltung opgrond vun hiren duerch Diplomer beluechte Kompetenze bestëmmen géif am Fong déck duergoen. Hier Aufgab bestéing dann eleng doranner Problemer ze léisen. Mee an esou engem System si politesch Interessien alles anescht ewéi verschwonnen. Villméi gi se verstoppt. Di politesch Zieler vun engem bestëmmte Grupp ginn dann als di optimaalste Léisung duergestallt. Déi legitim Zieler vun all deenen, déi dat Spill do net duerchkuckt hunn, kënnen dann als Obstakelen um Wee zur beschter Léisung diskreditéiert ginn.