Kommentar : "Stroosse-Radare kënnen zu Mentalitéitswiessel féieren"

D’Regierung huet eng onpopulär Décisioun geholl : am Kampf géint ze héich Vitesse solle bis de Summer d’nächst Joer op de lëtzebuerger Stroosse 26 Radaren installéiert ginn. Et läit op der Hand, datt vill Automobilisten net frou doriwwer sinn. "Trotzdem si Radaren eng gutt Saach" : E Kommentar vum Jean-Claude Franck am Moies-Panorama vum 29. Juli

 

Hei den Text:

Radare sinn esou onpopulär, datt ee sech wuel och onbeléift mécht, wann een dofir plädéiert. Lëtzebuerg, mat senge villen Autoe pro Kapp, ass nun emol e Land vun Automobilisten : an éierlech, mir menge jo awer bal all, mir wiere sou gutt hannert dem Steier, datt mer roueg e bësse méi séier fuere kënnen, an datt trotzdem näischt geschitt. Mä leider ass dat nëmmen en Deel vun der Wourecht : vill Leit stierwen duerch Stroossenaccidenter, an ze héich Vitesse ass ee vun de Grënn dofir.

Et gëtt dacks argumentéiert, Radare géife just punktuell eppes bewierken: do ebe wou se stinn, direkt dono géifen d’Leit nees op de Gas drécken. Mä sou guer wann dat stëmmt: wann d’Radaren op de geféierleche Plaze stinn, dann hu se op d’mannst do en Afloss, an et gëtt op deene geféierleche Plaze méi Sécherheet. An dovun ofgesinn : op de franséischen Autobunnen, do wou d’Radaren och kontestéiert sinn, gëtt haut méi disziplinéiert gefuer wéi virun der Zäit vun de Radaren – an eben och op de Stécker, op deenen net geblëtzt gëtt. Et ass dovun auszegoen, datt et zu engem Mentalitéitswiessel kënnt, dee wuel just op repressiv Manéier z’erreechen ass.

D’Aféiere vu Radaren ass och e Message un d’Touristen : wien an e Land reest, andeem geblëtzt gëtt, gëtt am Reesguide drop opmierksam gemaach. A Schweden zum Beispill gëtt penibel op d’Vitesse opgepasst an et ass eng normal Saach : als Tourist weess een dat, ier een dohi fiert. An op der Plaz profitéiert een dann och dovun, datt sech un d’Limitatioune gehal gëtt. Anescht wéi hei am Land, wou déi mannst sech zum Beispill un d’Vitesselimitatioun vun 90 an den Autobunnstunnelen halen, obwuel et iwwerall kloer affichéiert ass.

Wann awer jiddereen der Meenung ass, datt e sech souwisou un de Code de la route hält, dann ass d’Diskussiouns séier eriwwer : da brauch jo keen eppes ze fäerten, respektiv Strof ze bezuelen. Mä dat gesi mer da, wann d’Statistike bis virleien.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen