Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Regierung geet d'Loft aus

Etat de la Nation

Der Regierung geet d'Loft aus

Am État de la Nation 2016 gouf een net vill Neits gewuer, mä dat ass keng Iwwerraschung. DP, LSAP an déi gréng hu sech schonn 2013 net méi virgeholl - och, well se woussten, datt d'Schnëttmengen net déi Gréisst wieren.

auto_stories

4 min

"No zwee an engem hallwe Joer misst eng Regierung egal wéi nach méi vir hunn", sou de Jean-Claude Franck

Et gi méi Grënn dofir, firwat d'Regierung dëse 26. Abrëll net vill nei politesch Projeten annoncéiert huet. Een dovun ass psychologescher Natur: wéi déi blo-rout-gréng Koalitioun ugetrueden ass, huet se ganz äifreg Annoncë gemaach, mat prezisen Datumen, bis wéini dëst an dat sollt realiséiert ginn. Déi nei Ministerequipe huet séier misse realiséieren, datt een no esou Annoncen doru gemooss gëtt: wann da Projeten zäitlech no hanne réckelen, well et net sou viru gaangen ass wéi geduecht, oder wa Pläng mussen zréckgezunn oder staark modifizéiert ginn, well weder den Inhalt nach den Timing bei der Annonce bis an den Detail duerchduecht waren, da gëtt et Kritik.

Haut ass d'Regierung dofir esou veronséchert, datt se léiwer keen Datum a keen Accord versprécht, vun deem se net weess, ob si en och hale kann. E gutt Beispill dofir schéngt de Justizminister ze sinn: de Felix Braz krut an de Koalitiounsverhandlungen de Wonsch erfëllt, fir sech ganz an alleng kënnen op de Justizministère ze konzentréieren. A wéi eng nei Akzenter aus sengem Ressort goufe gëscht annoncéiert? Keng. Erstaunlech, mä wouer.

Steierreform: Polver séier verschoss

En anere Gronn awer, firwat d'Regierung no zwee an engem halwe Joer schonn ufänkt hiren eegene Bilan ze zéien, amplaz nach vill nei Projeten z'annoncéieren, ass, datt d'Steierreform scho virum Etat de la Nation bekannt war. Hätt déi blo-rout-gréng Koalitioun hir Pläng net an de leschte Méint offizialiséiert, mä réischt gëscht, da géifen haut manner Leit kritiséieren, an der Ried wier keng Substanz gewiescht.

Aus Angscht, hir eege Pläng net kënne sou laang geheim ze halen, huet d'Regierung sech bewosst géint dee Zeenario decidéiert, an dat ass och souwäit an der Rei.

Koalitiounsverhandlungen: Eng kleng Lëscht

Mä nieft enger Steierreform misst eng Regierung no zwee an engem hallwe Joer egal wéi nach méi vir hunn. Virun allem, wa se sech aus zwou Parteien zesumme setzt, déi virdrun an der Oppositioun waren. E Grond, firwat grouss Zukunftsprojeten ausbleiwen, läit och an de Koalitiounsverhandlungen an am Regierungsprogramm, deen Enn 2013 decidéiert gouf.

Ze séier huet d'Koalitioun deemools eng kleng Lëscht festgehal mat sensible Punkten, déi den Accord vun den dräi Parteien haten. Wéi déi Lëscht bis stoung, war een optimistesch, datt dës Dräierkoalitioun et packe kéint. Zwee an en halleft Joer dono, sinn déi puer grouss Punkten aus dem Programm vun deemools schonn an der Maach, a fir de Rescht hunn DP, LSAP an déi gréng sech deemools net méi virgeholl - och, well se woussten, datt d'Schnëttmengen tëscht deenen Dräi net déi Gréisst wieren.