Kommentar zur Archivkultur

An de Nationalarchiven ass eisen Informatiounen no een Dossier aus der Zäit vum Zweete Weltkrich mat Archivmaterial iwwer Bankkonte vu jüdesche Bierger net méi rëm ze fannen. Wahrscheinlech goufen d’Dokumenter vertässelt. Dëst ass ee Beispill dofir, datt dem Land eng serieux Archivkultur  fehlt, mengt d’Pia Oppel am Kommentar:

 

D’Nationalarchive leiden zënter Joren ënner  Personalmanktem, sou dass fir vill Fonge keen Inventaire existéiert, dee festhält wéi eng Dokumenter mat wéi engem Inhalt op wéi enger Plaz leien. Dann hunn d’Archiven nach ëmmer keen uerdentlecht Gebai an d’Bestänn musse stänneg geplënnert ginn. De Risiko, dass eppes vertässelt gëtt, ass deementspriechend grouss.

Bei der Publikatioun vum Artuso-Rapport Mëtt Februar, hat de Premier annoncéiert, dass och d’Fro vun de sougenannte Comptes Dormants vun den Affer vun der Juddeverfolgung elo nach emol soll ënner d’Lupp geholl ginn. Een Dossier mat Dokumenter vun der BIL, op deen de Rapport vun 2009 iwwer d’Spoliatioun vum jüdesche Besëtz sech berifft, ass elo net méi opzefannen. D’Historiker kënnen also keen neie Bléck op d’Fuerschungsresultater vun deemools geheien.

Mat e bëssi Chance taucht den Dossier oder eng Kopie dervu geschwënn nees op. Mee et schéngt evident: de Flou ronderëm historesch Mythen verdreiwen, wéi de Premier sech dat wënscht, ass ouni eng serieux Gestioun vum Archivmaterial kaum méiglech.

Dat sollten d’Politiker sech och zu Häerz huelen, wann se iwwer d’Zukunft vun de SREL-Archiven entscheeden: ka Vergaangenheet “opgeschafft” ginn, wann Archiven no e puer Joer zerstéiert ginn, wéi den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry dat aus Dateschutzbedenken an d’Gespréich bruecht huet?

Den Accès zu de SREL-Archive muss sou gereegelt ginn, datt sensibel Donnéeë während engem raisonablen Zäitraum kënne geschützt ginn. Mee just eng éischt Analys vun enger Historikerkommissioun an dann d’Archiven zerstéieren ass sécher déi falsch Äntwert: Des Archiven dokumentéieren op eng eenzegaarteg Manéier d’Zäit vum Kale Krich zu Lëtzebuerg, grad wéi de Funktionnement vun enger Administratioun, déi sech gäre Mol iwwer d’Gesetz ewech setzt. D’Ëffentlechkeet huet e Recht drop, datt déi Dokumenter laangfristeg kënne consultéiert ginn.

Fir nach emol d’Beispill vum Artuso-Rapport ze nennen: dee Rapport wier guer net réischt entstan, wann Dokumenter zerstéiert gi wieren, nodeems deen éischten Historiker dra gekuckt hat.

De Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg hat rezent bei enger Konferenz vum Magazin Forum d’Roll vum Historiker an der kollektiver Erënnerungskultur mat där vun engem Psychiater verglach. De Chercheur wier do fir déi richteg Froen ze stellen, dat heescht d’Gesellschaft opgrond vum Archivmaterial mat hirer Vergaangenheet ze konfrontéieren. Der kollektiver Verdrängung steet näischt am Wee, an engem Land dat seng Archive vertässelt an zerstéiert, an dat sech bis haut nach ëmmer keen Archivgesetz ginn huet.

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen