Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net all déi kleng lokal Kommissariater bäibehalen"

Lokal Police-Kommissariater

"Net all déi kleng lokal Kommissariater bäibehalen"

Den neie Policeminister François Bausch ass net der Meenung datt et Sënn mécht, all déi kleng lokal Kommissariater uechter d'Land mordicus bäizebehalen. Dat wier net méi zäitgeméiss an engem Moment, wou um Konzept vun e-Kommissariater geschafft gëtt. An et géif och en effikassen Asaz vun deene Polizisten verhënneren, déi zur Verfügung stinn.

auto_stories

2 min

De François Bausch huet de Policeressort dës Legislaturperiod iwwerholl. Foto: Archiv

Lëtzebuerg bräicht eng modern Police, déi effikass um Terrain funktionéiert. "Wat mir net brauchen ass, datt mir just aus politeschen oder psychologesche Grënn géife Kommissariater oprecht erhalen, déi am Endeffekt awer net vill Sënn ginn, well d'Leit da bannena sëtzen ze waarden, datt d'Cliente kommen, déi an der Reegel net ëmmer oder seele kommen, an dofir um Terrain keng Präsenz ass", sou de François Bausch.

Eng Partie Policebeamte froe Reklassement

Wäit iwwer 100 Policebeamte mat 1ères respektiv 13èmes-Diplom froe fir an déi nei Carrière B1 reklasséiert ze ginn; eng Carrière moyenne, déi et eréischt zanter e puer Méint bei der Police gëtt. Iwwer hir Affekotin hu si eenzel Demanden an deem Sënn un den neie Policeminister François Bausch adresséiert.

Déi concernéiert Poliziste beruffe sech op den Egalitéitsprinzip a verweisen drop, datt esou e Reklassement zum Beispill bei der Post oder och bei Fierschteren an Infirmiere gemaach gouf. "Wësst Dir, wat aliichtend op den éidchte Bléck kléngt a wat juristesch herno richteg ass, dat sinn dacks zwou verschidde Saachen", seet de Policeminister François Bausch.

E méigleche Reklassement: "Nach keng Entscheedung geholl"

Hie wier am Gaang sech dat Ganzt unzekucken an hie wier der Meenung, datt sech de Sachverhalt net sou einfach géif duerstellen "wéi dat an deene Bréiwer geschriwwe gëtt". Hie kéint dës Revendicatioun novollzéien, mee hien hätt nach keng Decisioun dozou geholl. Déi juristesch Analys wier nach am Gaang an de Conclusioune wéilt hien net virgräifen.

"Wou mir herno wäerte lande, weess ech net. Et ka sinn, datt dat alles bleift ewéi et ass, mee ech muss dat fir d'éischt juristesch alles klären", seet de François Bausch. Eventuell misst schlussendlech d'Verwaltungsgeriicht tranchéieren. Et kéint awer grad esou gutt sinn, datt eng aner Léisung erauskéim, sou de Minister.

D'Affekotin vun de concernéierte Polizisten, d'Carole Hartmann, hat d'lescht Woch am 100,7-Interview ugekënnegt, datt op d'mannst eng Rei vun hire Cliente sécher op d'Verwaltungsgeriicht géif goen, wa si vum Minister op hir Demande hi keng Satisfaktioun kréichen.