F
Grad fir de Kompensatiounsfong, dee jo d'Pensiounsreserven uleet, ass et wesentlech ze wëssen, wat de Klimawiessel fir d'Investitioune bedeit, ënnersträicht de Martin Granzow.
"Ginn et Entreprisen déi vum Klimawiessel getraff kéinte ginn? Kuerzfristeg sinn et d'Konsequenze vun de Naturkatastrophen wéi Stierm, Iwwerschwemmungen oder déi extrem Dréchent. Wat géif et fir de Fong bedeiten, wann een d'Wirtschaft un d'Ziler vum Paräisser Accord géif upassen? Dat heescht datt et vill Secteure gëtt déi sech drastesch wäerte veränneren"
Grad do wier et wichteg déi Entreprisen z'identifizéieren, déi eng Virreiderroll spillen, oder och ëmgekéiert déi déi ee misst aus den Investitiounen ausschléisse, well et Betriber sinn déi de Klimawandel ignoréieren an déi sech och net op de Klimawandel oder der Transformatioun vun der Wirtschaft virbereeden.
Wäert vu fossillen Energien si wärend der Pandemie agebrach
Wärend der Pandemie ass de Konsum u fossillen Energien zesummegebrach. D'Entwécklung op den Aktiemäert ass eigentlech nom Lockdown generell ganz positiv gewiescht, seet den Dr Martin Granzow. A ville Länner konnt ee gesinn datt et zu engem Opschwong erëm koum. Zum Deel konnt souguer den Niveau vu virun der Kris erreecht ginn. Déi fossil Energien dogéint sinn op de Bourssen nach ëmmer niddreg cotéiert am Verglach mam Recht vum Maart, analyséiert den Martin Granzow.
Fossil Energien si laangfristeg net rentabel
"Grondsätzlech géif ech awer recommandéieren déi laangfristeg Perspektiven ze kucken an do ass et natierlech wichteg ze gesi wou d'Entreprisen aus deene Secteuren sech an Zukunft entwéckelen. Do ginn et interessant Etüden déi weisen datt zum Beispill an der Kuelekraaftproduktioun d'Beneficer an Zukunft ëm 20 bis 30% zréckgoe wäerten, a jee no Secteur souguer ëm 60%, wa mer effektiv wëllen a Richtung vun enger maximaler zwee Grad Temperaturerhéijung goen. Bis 2050 geet dann de Konsum vu fossillen Energien em 100 Prozent erof"
Dat heescht de Wäert vun esou Entreprisen, déi exklusiv nëmmen an deem Beräich aktiv sinn, wäert drastesch abriechen, an do ass et natierlech wichteg datt ee fréi genuch decidéiert aus esou engem Typ vun Invest eraus ze goen.
Kompensatiounsfong brauch eng Expertise
"De Fong bräicht spezialiséiert Personal fir de Maart z'analyséieren. Fir den Ament kenne mer de reelle Konstrukt vum Fonds de compensation net, doriwwer ginn et wéineg Informatiounen. Mir wëssen net ob et iwwerhaapt eng Nohaltegkeetsabteilung gëtt.
Onofhängeg dovunner ass d'Nohaltegkeet awer grondsätzlech een transversaalt Thema, dat heescht am Prinzip wann de Fonds sech nohalteg opstelle wëllt da bedeit dat datt et Läit muss ginn , déi sech a Nohaltegkeetsthemen auskennen an déi dat dann an hiren individuellen Aktivitéiten och applizéieren. Mir fuerderen datt de Fong d'Thema a senger Gesamtstrategie verankert a schlussendlech och an der Strategie vun den eenzelen Departementer.