Radioen

On air

De Moien  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kompetenzzenteren haten net genuch Preparatiounszäit

Soziales

Kompetenzzenteren haten net genuch Preparatiounszäit

D'Zil vun der Associatioun Trisomie 21 ass et, ënnert anerem, d'Autonomie vun de Persoune mat enger Behënnerung ze fërderen. Dat fänkt an der Schoul un, seet d'Martine Eischen, Presidentin vun der Vereenegung Trisomie 21. Datt néng Kompetenzzentere sech fir méi Inclusioun an der Schoul këmmere sollen, gëtt vun Trisomie 21 appreciéiert.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow
Martine Eischen

D'Gesetz wier awer kuerz virun der Summervakanz gestëmmt ginn, a fir d'Rentrée gouf d'Gesetz ëmgesat. Dat wier ze séier geschitt, fir datt d'Enseignanten an d'Eltere sech domat hätte kënne befaassen. Weider bemängelt d'Associatioun, datt d'Kanner dacks a parallele Strukturen orientéiert ginn.

D'Zil soll et sinn, datt d'Kanner an där Gemeng scolariséiert ginn, wou se wunnen. Dacks awer géifen d'Elteren Drock gemaach kréien, fir hir Kanner an eng parallell Struktur ze schécken. Do géifen déi schoulesch Kompetenzen net genuch viru gedriwwe ginn, wat och Konsequenzen op hir berufflech Perspektiven hätt, seet d'Martine Eischen, Presidentin vun Trisomie 21.

"Déi Leit si schoulesch schwaach, kommen doduerch an een Atelier protégé, wa se eng Plaz fannen. Mir hu Memberen déi si fënnef Joer laang op enger Liste d'attente, fir eng Plaz ze fannen." D'Atelier protégés géife behapten, datt si d'Leit opfänken, encadréieren a prett fir den normalen Aarbechtsmaart géife maachen.

Schwéier fir Beschäftegung ze fannen

"Wa meng Informatioune richteg sinn, geléngt et ongeféier an zwee Prozent vun alle Fäll. Do bemängele mir och eng Qualifikatioun an eng Ausbildung", sou d'Martine Eischen.

Nieft der Schoul, bleift et fir Persoune mat enger Behënnerung schwiereg eng Beschäftegung ze fannen. Et géifen net genuch Aarbechtsplazen an den Ateliers protégés. D'Waardezäite wiere laang. Iwwerdeems géifen déi Strukturen net genuch kontrolléiert ginn, seet d'Martine Eischen. Si fuerdert datt den Jobcoaching agesat gëtt, fir de Privatbetriber eng Hëllef beim Rekrutéiere vun enger Persoun kënnen un ze bidden.

De sougenannten Job-Coaching wier eng immens wichteg Saach, well "et géife Patronen, déi géife schonn een hulene, wa se eng Sécherheet hätten. An enger Ulafzäit, wann do een Jobcoaching méiglech wier, da wier dat immens wichteg. Do setze mir eis a fir datt dat um Terrain geschitt", sou d'Martine Eischen.

Eng weider Suerg vun der Vereenegung Trisomie sinn encadréiert Wunnengen. Zu Gaasperech gëtt et ee Pilotprojet, an engem Quartier dee fir all Mënsch mat enger Behënnerung accessibel ass. D'Bautekommissiounen an de Gemenge missten sech domat befaassen.