Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - White Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontakt mat libesche Mënschenhändler?

Flüchtlingen am Mëttelmier

Kontakt mat libesche Mënschenhändler?

D'italienesch Justiz gehäit der ONG "Jugend Rettet" vir a Kontakt mat libesche Passeuren ze stoen, fir Mënsche bei der Flucht an Europa ze hëllefen. Tounopnamen a Fotoe sollen d'Virwërf confirméieren.

auto_stories

2 min

D'Mënschen, déi "Jugend Rettet" aus dem Waasser geholl hätt, wieren an de meeschte Fäll net a Liewensgefor gewiescht, sou den zoustännege Procureur. Domat géif et sech net ëm d'Rettung, mä ëm d'Ausliwwerung vu Migranten handelen.

ONG distanzéiert sech vu Virwërf

D'Besatzung vum Rettungsschëff "Iuventa" hätt sech mat Passeuren ofgeschwat an op präzise Plaze Refugiéeën opgeholl, sou déi italienesch Autoritéiten. Et wier een am Besëtz vun Tounopnamen a belaaschtendem Fotosmaterial. E Mëttwoch ass d'Boot vun der däitscher ONG konfiskéiert ginn.

"Jugend Rettet" huet sech op der däitscher Tëlee-Chaîne ZDF vun de Virwërf distanzéiert. Hire Spriecher Titus Molkenbur huet betount, datt d'Organisatioun ëmmer probéiert hätt, sech vun de Schleppernetzwierker ze distanzéieren. Och wann de Virworf scho méi laang am Raum stoe géif, hätte si domat näischt ze dinn.

Keng Rettung, mä Ausliwwerung

Op Fotoen ass den italieneschen Ermëttler no awer ze gesinn, wéi d'Crew vun der "Iuventa" d'Booter mat de Flüchtlingen no hirer Rettungsaktioun net versenkt hätt. Eng Opnam soll souguer weisen, wéi Mataarbechter vu "Jugend Rettet" e Schlauchboot zréck a Richtung libesch Küst schleefen. Donieft wieren de Groussdeel vun de Mënschen, déi "Jugend Rettet" aus dem Waasser geholl hätt, net a Liewensgefor gewiescht.

D'Relatiounen tëscht Italien an den ONGe verschlechtere sech zënter Méint. Am Mee hat den zoustännege Procureur scho verschiddene Rettungsequipe virgeworf, si wéisste schonn am Viraus, wou Flüchtlingsbooter géifen opdauchen.

Drock op d'ONGe mat onrealistesche Fuerderungen

Ufank der Woch sollten d'Rettungsequippen e "Code de bonne conduite" ënnerschreiwen. D'Virgabe sinn ënnert anerem, datt e Schëff ëmmer muss kënne lokaliséiert ginn. Et däerf een net a libescht Gewässer fueren an et muss een arméiert, italienesch Forcë mat u Bord hunn. Fënnef Organisatiounen hu sech geweigert, dee Code z'ënnerschreiwen, dorënner och "Jugend Rettet".

Et missten dem Titus Molkenbur no awer dräi Konditiounen erfëllt sinn, fir datt si de Kontrakt géifen ënnerschreiwen. Am Gespréich mam ZDF sot hien: "Mir däerfen net a Konflikt mam Geld a Séirecht, an net a Konflikt mat den humanitäre Prinzipie vun der Neutralitéit an Onofhängegkeet geroden. Et däerf d'Effizienz vun de Rettungsasätz och net reduzéieren."

Och Médecins sans Frontières huet de Code aus Neutralitéitsgrënn net ënnerschriwwen. Ënnert humanitären Aktiviste kënnt d'Kritik op, datt déi italienesch Autoritéite mat den onrealistesche Fuerderungen den ëffentlechen Drock op d'ONGe weider wëllen erhéijen.