Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontraproduktiv Steieravantagen

Steiergerechtegkeet

Kontraproduktiv Steieravantagen

Niddreg Steieren op Immobilië féieren zu enger Hausse vun de Wunnengspräisser - doranner sinn de Keith O'Donnell (Atoz), de Jean-Jacques Rommes (CES) an de Max Leners (Fondation Robert Krieps) sech eens. Däitlech manner Konsens gouf et an der Diskussioun iwwer d'Besteierung vun Ierfschaften, Verméigen a Kapitalrevenuen.

auto_stories

4 min

D'Avantagë fir Immobilieninvestisseure géifen net just zu enger ongerechter Besteierung féieren, esou de Max Leners vun der Fondation Robert Krieps:

"Fir e Beispill ze ginn: Op engem Haus vu 750.000 Euro kritt een där Steieravantagen, wann een et keeft fir ze verlounen, 110.000 Euro. Wann een et awer keeft, fir dra wunnen ze goen, da kritt een nëmme 70.000 Euro. Dat heescht, dat do ass ee System, deen d'Wunnengspräisser richteg uflaamt. Et ass wéi wann ee säi Grill umécht a säi Fön derbäi hält."

Niddreg Steieren op Immobilië féieren zu enger Hausse vun de Wunnengspräisser, seet och de Steierexpert Keith O'Donnell. Dat géifen d'Erfarungen am Ausland weisen:

"Wa mir wëlle Logementspräisser stabiliséieren oder datt se erofginn, da si méi héich Steieren op Terrainen oder Immobilien eng gutt Iddi."

Weider Reduktioun vum Taux d'amortissement

Hie wier dowéinst och skeptesch géintiwwer de verschiddene Steieravantagë fir Immobilieninvestisseuren, déi hei am Land gëllen. Datt d'Regierung elo den acceleréierten Amortissements-Taux liicht erofsetzt, hält de Keith O'Donnell fir ee Schrëtt an déi richteg Richtung, eng weider Baisse wier awer néideg.

De Keith O'Donnell vun der Steierberodungsfirma Atoz war an de Studio bäigeschalt.

De Jean-Jacques Rommes, Patronatsvertrieder a President vum Wirtschafts- a Sozialrot gesäit dat och esou:

"Ech perséinlech kennen den Dossier net gutt genuch, fir der Regierung ze soen, wat de richtegen Taux d'amortissement ass. Mee datt den Abus net ganz behuewen ass, dat huet den Här O'Donnell schonn ugedeit. Da misst een deementspriechend nodenken."

Grondsteier ze niddreg

Déi dräi Invitéen a Riicht eraus hunn och fir eng Hausse vun der Grondsteier plaidéiert. Dës wier am internationale Verglach immens niddreg, esou de Steierexpert Keith O'Donnell. D'Zilsetzung misst awer kloer sinn, esou d'Fuerderung vum Jean-Jacques Rommes. Et dierft een dobäi awer net doriwwer nodenken, wéi een de Staatsbudget favoriséiert, oder wéi ee méi gerecht ass:

"All déi Saache sinn Niewesaach. Bei der Grondsteier muss ech driwwer nodenken, wéi een am Endeffekt méi Wunnenge kritt. Well dat ass déi grouss sozial Ongerechtegkeet, déi mir den Ament hei am Land erliewen am Abléck, an déi déi jOnk Generatioun muss ausbueden."

Parteie brauche Courage

Kloer wier, datt d'Grondsteier net soll klamme fir Leit, déi an hirem eegenen Haus wunnen, seet de Max Leners. Datt d'Grondsteierreform scho laang op sech waarde léisst, obwuel déi aktuell Inneministerin an hire Virgänger Sozialiste sinn, huet de Member vun der LSAP-Parteileedung mam Verweis kommentéiert, hei wier politesche Courage néideg:

"Dës Legislatur muss dat kommen. Soss brauch eng LSAP net nach eng Kéier mat an d'Walen ze goen an iergendeng Iddi zum Logement ze äusseren."

Ierfschaftssteier vs Verméigenssteier

Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn halen déi dräi Invitéen aus ënnerschiddleche Grënn net fir déi richteg Approche. Par konter huet de Max Leners sech fir d'Nees-Aféiere vun enger Verméigenssteier fir physesch Persounen ausgeschwat. Dës sollt net fir d'Immobilie gëllen, an där ee wunnt, an et misst ee Fräibetrag vun 2,5 Milliounen Euro ginn, well dat den Equivalent vu 40 Joer Duerchschnëttsakommes wier:

"Dat heescht, do gi just Leit getraff, déi hir Kafkraaft notze fir Saachen, déi der Allgemengheet näischt bréngen. Et ass jo net am allgemengen Interessi, ob zu Saint-Tropez eng Yacht steet, déi fënnef oder véier Stäck huet. Den Interêt ass, datt de Staat genuch Akommes huet, fir eppes op der Logementsproblematik kënnen ze maachen, fir weider kënne gutt Bildung ze maachen"

Fir de Jean-Jacques Rommes stellt sech hei virop de praktesche Problem, datt een da fir jiddweree misst etabléieren, wéi grouss säi Verméige wier. Wat mat engem groussen Opwand an engem Agrëff an d'Privatsphär verbonne wier. Iwwerdeems misst ee bedenken, datt et schonn eng ganz Rei Steiere ginn, déi d'Kapital viséieren. Notamment géif d'Plus-value op enger Immobilie beim Verkaf besteiert ginn, an dat wier "eng ganz grouss Verméigenssteier".

De Keith O'Donnell hält d'Verméigenssteier fir keng gutt Iddi, grad fir eng kleng oppen Ekonomie wéi Lëtzebuerg. Hien huet nach drop verwisen, datt d'Erfarunge mat der Verméigenssteier am Ausland meeschtens net esou positiv wieren.