Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - Stay With Me Through The Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konventioun a Kierchefong si verfassungskonform

Urteel

Konventioun a Kierchefong si verfassungskonform

Souwuel d'Konventioun tëscht dem Staat an der kathoulescher Kierch wéi och de Fonctionnement vum Kierchefong stinn am Aklang mat der Verfassung. Zu där Konklusioun kënnt d'Cour constitutionnelle an engem rezenten Arrêt. D'Friddensgeriicht hat an engem Litige tëscht dem Kierchefong an der Associatioun Saint-Pierre et Paul vun Hollerech eng Rei prinzipiell Froen un d'Cour constitutionnelle weiderginn. Dobäi goung et och ëm d'Argument vun de Kierchefabricken an där hirem Verband Syfel, si géifen duerch de Fong enteegent ginn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Christiane Kleer lauschterenplay_arrow


Et dierft richtungsweisend sinn wat d'Cour constitutionnelle de leschte Freideg publizéiert huet. De Weihbeschof Leo Wagener jiddefalls ass der Meenung, datt d'Reiwereien ronderëm déi nei Kierche-Struktur aus dem Joer 2018 elo missten eriwwer sinn. De Kierchefong wier confirméiert ginn duerch dat héchst Geriicht, seet de Leo Wagener.

"Mir sinn immens frou, mir hunn dat héieren vun der Cour constitutionnelle wat mir eigentlech och erwaart hunn, wat mir ëmmer vertratt hunn, datt nämlech de Kierchefong konform ass mat der Verfassung, datt dee ganze Procédé, deen do ugelaf war fir dat en place ze setzen, dat datt konform ass. Mir hu wierklech ganz Satisfactioun op deene Punkte kritt."

Um Ufank steet ee Litige tëscht dem Kierchefong an der Associatioun St. Pierre et Paul, déi vun der fréierer Hollerecher Kierchefabrick gegrënnt gi war mam Zil fir ënner anerem där hire materielle Besetz weider ze geréieren. Eppes wat de Kierchefong an deem jo eigentlech alles sollt zesummefléissen, als frauduléis gesinn huet. D'Friddensgeriicht huet an deem Fall eng Rei prinzipiell Froen un d'Cour constitutionnelle weiderginn. Dobäi goung et och ëm dat bekannten Argument vun de Kierchefabricken an där hirem Verband Syfel, si géifen duerch de Fong enteegent ginn. Dat wier elo widderluecht, seet de Weihbeschof Leo Wagener. D'Geriicht "Hei ass dat a Gesetz ëmgesat ginn war ofgemaach ass", sou de Weihbëschof.

De Leo Wagener erwaart sech lo méi Rou bannent der kathoulescher Kierch. Hie bereit awer, datt et iwwerhaapt zu de Geriichtsaffären huet misste kommen. "Do si Suen vu Leit, déi Sue gespent hu fir d'Kierchefabricken verpolvert ginn fir ee Prozess deen eigentlech net néideg ass. Intressant wäert trotzdeem ginn, wéi d'Geriichter an den Affären ronderëm de Kierchefong, déi nach ausstinn, wäert tranchéieren.