Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konzept fir Cannabis-Legaliséierung bis den Hierscht

Suivi Cannabis-Legaliséierung

Konzept fir Cannabis-Legaliséierung bis den Hierscht

Bis den Hierscht soll e Konzept fir d'Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker stoen. Een entspriechend Gesetz soll nach an dëser Legislaturperiod a Kraaft trieden. Dat hunn de Gesondheetsminister Etienne Schneider an de Justizminister Felix Braz de Freideg ugekënnegt. D'Ministere waren dës Woch op Visite a Kanada, wou de Cannabis-Konsum, d'Produktioun an de Verkaf zanter Oktober zejoert legal - mee reglementéiert ass.

auto_stories

2 min

Déi grouss Zuel u Reglementatioune géif och erklären, firwat a Kanada laang un der Legaliséierung geschafft gouf, esou de Justizminister Felix Braz.

"Dat kënnt eis zu gutt, mir kënnen eis inspiréieren - kënnen et awer net copy pasten. Dofir bleift och nach genuch Aarbecht fir eis hei an der Ëmsetzung ze maachen."

Am Verglach zum kanadesche Modell soll de legalen Zougang zu Cannabis hei am Land zum Beispill viraussiichtlech just fir d'Awunner gëllen. A Kanada gëllen ënner anerem folgend Reegelen: De Konsum vu Cannabis fir Mannerjäreger ass net legal, de Besëtz vu maximal fënnef Gramm ass awer depenaliséiert. Nëmmen Erwuessener vun 18 Joer un, respektiv jee no Provënz vun 19 Joer un, dierfen a Kanada Cannabis besëtzen a konsuméieren, seet de Gesondheetsminister Etienne Schneider.

" 't ass awer esou, datt generell jiddwereen d'Recht huet 30 Gramm Cannabis bei sech ze droen. 't ass och esou, datt een am Kanada bis zu véier Cannabis- Planze ka selwer doheem uplanzen."

Dem Eegenubau hei am Land ass den Etienne Schneider aus Qualitéitsuspréch awer éischter negativ gesënnt.

"Déi Betriber, déi dat do produzéiere sinn high-tech Betriber, mat Laboen, mat Bio-Chimisten, etc. Dat ass net einfach nëmmen een Hobbygäertner, deen elo mengt e kéint domadder e puer Su niewelaanscht verdéngen. Sou geet et mat Sécherheet net."

D'Lizenze fir d'Produktioun vu Cannabis géifen iwwerdeems no ganz strikte Krittäre vergi ginn. Den THC-Gehalt wäert ganz strikt festgeluecht ginn, sou de Wirtschafts- a Gesondheetsminister. A Kanada géif dësen Taux bei ronn fënnef Prozent leien.

Am Verglach: Cannabis, deen hei am Land um Schwaarzmaart verkaf géif ginn, hätt zum Deel THC-Wäerter vu 60 Prozent, sou nach den Etienne Schneider. Och zu Lëtzebuerg wéilt een op de Wee vu Lizenze goen. Op wéi een THC-Wäert ee sech wéilt festleeën, ass awer nach net gewosst. Fir de kriminelle Marché weider ze reduzéieren, géif een iwwerleeën hei am Land d'Strofe fir d'illegal Verkeefer eropzesetzen.