Radioen

On air

Notturno  |  Coby Sey - Dial Square (Confront)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krich als Brems fir de Green Deal?

KLIMASCHUTZ AN UKRAIN-KRICH

Krich als Brems fir de Green Deal?

D'EU-Kommissioun ass prett, den europäesche Baueren, déi ënnert de Suitte vum Ukrain-Krich leiden, ënnert d'Äerm ze gräifen. Geplangt sinn extra Subsiden an d'Aussetze vun ekologesche Mesuren. Op d'mannst dat lescht ass net onëmstridden.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock / Igor Krivosheev

Eigentlech hat d'Kommissioun geplangt, dës Woch ee weidert Kapitel vum "Green Deal" ze schreiwen a méi streng Reegele fir den Asaz vu Pestiziden an ee Plang mat verbindlechen Ziler fir d'Renaturéierung ze proposéieren. Dat gouf verluecht. Amplaz kënnt Bréissel en Vue vum Ukrain-Krich mat enger Kommunikatioun iwwert d'Liewensmëttelsécherheet.

Zwou Propose vum "Green Deal" verluecht

Déi aktuell "geopolitesch Onsécherheet" am Zesummenhank mam Krich an der Ukrain géif deene geplangte Proposen net genuch Raum fir eng Diskussioun ginn, hat d'EU-Kommissärin fir Gesondheet, Stella Kyriakides e Méindeg den EU-Agrarministere gesot.

D'Decisioun gouf vun deenen, déi der sou genannter "Farm-to-Fork" Strategie vun der Kommissioun kritesch géintiwwer sti begréisst.

"Wir freuen uns riesig, dass das Pestizid-Paket verschoben wurde. Das reicht jedoch nicht, wir müssen jetzt die Produktion in Europa wieder hochfahren", sou d'Reaktioun vun der däitscher CDU-Europadeputéiert Angelika Niebeler.

Emmanuel Macron: Mesurë vum Green Deal mussen iwwerduecht ginn

50 Prozent manner Pestiziden, 20 Prozent manner Dünger, een Ausbau vun der Biolandwirtschaft bis op d'mannst 25 Prozent. Dat sinn nëmmen e puer vun den ambitiéisen Ziler vun der sou genannter "Farm to Fork" Strategie vun der Europäescher Kommissioun. Vum Haff bis op den Teller soll dofir gesuergt ginn, datt d'Landwirtschaft méi nohalteg an domat méi Klima frëndlech gëtt.

Scho virum Ukrainkrich hate Resultater vun Etuden, déi soen, datt duerch dës Strategie um Enn d'Recolte vun de Bauere kéinten ëm bis zu 13 Prozent zeréckgoen, fir Opreegung gesuergt. Duerch de Krich an der Ukrain huet déi Fraktioun vun de Skeptiker elo un Terrain gewonnen.

Déi lescht Woch huet de franséische President Emmanuel Macron am Optakt vu sengem Walkampf den europäesche Green Deal oppen a Fro gestallt: Déi Mesurë wiere vrum Krich definéiert ginn, elo awer wier d'Sécurité alimentaire an der EU a Gefor.

Dat nämmlecht soe Bauereverbänn an zum Beispill den CDU-Europadeputéierten Norbert Lins, deen der Bauerelobby no steet. Flächen, déi aus ekologesche Grënn, fir méi Biodiversitéit stëll geluecht goufen, sollen nees kultivéiert ginn, seet den däitsche Politiker.

"Wenn man dort Futtergetreide anbaut, kann man auf anderen Flächen Brotweizen anbauen und leistet damit einen Beitrag zur Abmilderung der drohenden Hungerkrise."

EU-Kommissioun: Liewensmëttelsécherheet an der EU ass net a Gefor

Eng Kris, déi et esou an der EU net gëtt. An der Europäescher ass d'Disponibilitéit vu Liewensmëttel duerch de Krich an der Ukrain net a Fro gestallt, stellt d'Kommissioun an hirem Pabeier iwwert d'Liewensmëttelsécherheet fest. D'EU wier fir vill Agrarproduiten autark an och ee Netto-Importateur vu Weess.

Trotzdeem soll de Baueren, déi ënnert deene méi héije Produktiounskäschte leiden, ënnert d'Äerm gegraff ginn. Mat zousätzleche Subside vu 500 Milliounen Euro. An och déi gefuerdert Derogatioune fir ekologesch Mesurë gehéieren zum Pak vun de Proposen. Op Brooche kéinte kuerzfristeg awer Planze kultivéiert ginn. Zum Beispill Fudder-Proteinnen, bei deenen et wéinst dem Krich zu Enkpäss ka kommen, sou d'Kommissioun. D'Bauere kéinten an deem Fall nawell d'Kompensatioun behalen, déi si fir déi stëll geluechte Flächen ausbezuelt kréien.

Tilly Metz: De Krich gëtt géint de Klimaschutz ausgespillt

Dat ass dee falsch Schratt, fënnt iwwerdeems d'Tilly Metz. Esou Brooche wiere wichteg, virun allem fir d'Biodiversitéit an och en Vue vun enger méi grousser gesonder Produktivitéit, seet déi gréng Europadeputéiert:

"Wa mer wëllen, datt eis Landwirtschaft méi effizient gëtt, an datt mer manner ofhängeg och vun Düngemëttel sinn, da musse mer kucken, datt eis Biedem, datt eis Ëmwelt gesond gëtt, datt déi sech erhuele kann."

Den Norbert Lins awer wëll nach méi wäit goen a fuerdert, datt d'Baueren op de Broochen och dierfe Pestiziden asetzen. Fir hie mussen déi Ausnahmregelen op d'mannst och nach d'nächst Joer gëllen. Den däitschen Europadeputéierte verweist op d'Nopeschlänner vun der EU, wéi zum Beispill Ägypten, Marokko, Algerien oder Tunesien, déi op Importer vu Russland ugewise sinn. Och wann an der EU nëmme véier Prozent vun der Agrarfläch ekologesch stëll geluecht ass, kéinten do iwwer 20 Milliounen Tonne Weess produzéiert ginn, sou de Chrëschtdemokrat:

"Damit könnten wir Millionen von Menschen zumindest vor akutem Hunger mitbewahren und die drohende Hungerkrise ein wenig abmildern."

Fir d'Tilly Metz awer gëtt hei de Krich als Virwand benotzt fir Panik ze maachen. D'EU kéint déi Länner och anescht ënnerstëtzen.

"Ech fannen et ganz schlëmm an erschreckend, datt elo ee Krich als Virwand benotzt gëtt fir verschidde Moossnamen, déi mer eis an der Agrarpolitik a besonnesch an der Farm-to-Fork-Strategie ginn hunn, net ze respektéieren."

Claude Haagen begréisst proposéiert Mesuren

De Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister Claude Haagen awer begréisst d'Mesuren, déi d'Kommissioun proposéiert an huet och Wëlles, se ëmzesetzen.

Op Brooche Fuddermëttelen unzebauen, géif der Ëmwelt net schueden:

"Dat steet net a Konfrontatioun mam Green Deal oder verstéisst géint ekologesch Wäerter, wann dann héchstens minimal", sou den LSAP-Politiker e Méindeg um Bord vun der Reunioun vun den EU-Agrarministeren, op där d'Propos vun der Kommissioun diskutéiert gouf.

De Claude Haagen wollt awer nach net preziséieren, wou hie genee dovu Gebrauch wëll maachen.

"Ech verweisen op eise Kärendësch, wou mer dat diskutéieren an da musse mer den Impakt kucken, wou et Sënn mécht, do wou et kee Sënn mécht, brauch mer et och net ze maachen."

Verschidden EU-Länner hunn Drock gemaach, de Green Deal ze iwwerdenken, Däitschland soll sech fir de Contraire agesat hunn. Lëtzebuerg schéngt do an der Mëtt ze stoen.

"D'Landwirtschaft war nach ëmmer fir Nohaltegkeet. Ech fannen et ass net de Moment, fir zwou verschidden Entwécklungen a Konfrontatioun ze bréngen. Dat bréngt kengem eppes", sou de Claude Haagen.

Wéi eng Baueren zu Lëtzebuerg genee vun den zousätzleche Subside profitéiere sollen a fir wéi eng Broochen et eng Autorisatioun gëtt, do awer eppes unzebauen, doriwwer wëll de Landwirtschaftsminister déi zoustänneg Chamberkommissioun en Donneschdeg informéieren.