Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blur - Country House

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krisegestioun iwwer den 112: "E bësse speziell"

Krisegestioun

Krisegestioun iwwer den 112: "E bësse speziell"

Si hätte vun engem gewësse Moment un, als Buergermeeschteren, missen um 112 uruffen, fir d'Pompjeeën an hir Uertschaften ze kréien, esou d'Buergermeeschtere vu Rouspert-Mompech a Betebuerg. De Romain Osweiler a Laurent Zeimet hunn dat speziell fonnt, och wann ee kéint verstoen, dass d'Coordinatioun vun den Asätz während den Iwwerschwemmungen op eemol ganz iwwer de CGDIS gelaf wier.

auto_stories

2 min

Bis Mëttwoch Owes, respektiv Donneschdes Moies hätt de Romain Osweiler nach d'Gefill gehat, datt hien Afloss op d'Pompjeesasätz hätt.

"Am Laf vum Donneschdeg hunn ech du iergendwann gesot kritt: 'Et deet mer leed, du kanns eis elo net méi op verschidde Plazen hi schécken, dat muss elo offiziell iwwer de CGDIS lafen.' Ech hunn dann als Buergermeeschter op den 112 ugeruff wann ech meng Pompjeeën op enger Plaz wollt hunn."

Dat hätt dem Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech och net gefall, mee hie géif awer novollzéien, datt d'Pompjeeë sech un hir Chaîne de commandement hu missten halen. Do misst een "nach dru wuessen an dat verstoe léieren".

Zu Beetebuerg wier d'Situatioun ähnlech gewiescht, seet de Laurent Zeimet. Wéi hien op d'Plaz komm wier, wier kee Pompjee do gewiescht, wouropshin de Beetebuerger Buergermeeschter sengem Zenterchef ugeruff hätt an no Pompjeespresenz gefrot huet.

"Du sot ech: 'Komm awer w.e.g op d'Plaz, d'Duerf steet ënner Waasser, et wier e bësse komesch wa mer elo kee Pompjee gesinn, ech menge mir mussen elo hei e puer Decisiounen huelen.' Ech sinn du och iwwer den 112 gefuer fir mam CGO (Centre de Gestion des Opérations ) ze diskutéieren, an hinnen och ze soe wéi d'Situatioun reell war. Et ass net nëmmen nach drëm gaangen, Kelleren auszepompelen, mee et ass drëm gaange Leit aus den Haiser erauszehuelen. An du huet dat dann awer ganz gutt geklappt."

Previsioune ware fir Verschiddener schwéier ze gleewen

Fir déi zwee Buergermeeschtere wier et elo virun allem wichteg, fir déi richteg Léieren aus deem ze zéie wat net optimal gelaf ass, am Informatiounsfloss an an der Krisekommunikatioun. De Romain Osweiler huet awer och ënnerstrach, datt a senger Gemeng eenzel Leit d'Prognosen einfach net gegleeft hunn.

"Ech hu Réckmeldung kritt: Dat ass net méiglech, déi Berechnungen déi do gemaach gi sinn! D'Leit wollten dat zum Deel och net wouer hunn. Et huet och alles zimmlech onwarscheinlech ausgesinn: 2003 ware mer bei 8,25 Meter, an dës Kéier war eng Berechnung vun 10 Meter gemaach ginn. A mir sinn tatsächlech op 9,66 Meter komm. Dass d'Leit dat net konnte gleewen, dat kann ee schonn novollzéien."