Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u Restrukturéierung vu Liberty Steel

Stolindustrie

Kritik u Restrukturéierung vu Liberty Steel

D'Gewerkschafte kritiséieren d'Annonce vun der Restrukturéierung, vun där d'Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng betraff ass. De Sozialdialog wier net respektéiert, esou LCGB an OGBL. Doriwwer eraus géif d'Reorganisatioun net den essentielle Problem vum Manktem u Liquiditéite léisen.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / DedMityay

Lauschterenplay_arrow


D'Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng soll an déi rumänesch Branche Liberty Galati integréiert ginn. Galati a Rumänie soll domat an Zukunft och den Haaptfournisseur gi vun de Flaachstolrulle fir d'Wierker zu Lëtzebuerg an an der Belsch.

Mat der Restrukturéierung wier de Fong vum Problem awer net geléist, seet den LCGB: fir de finanziellen Aspekt géif et keng Léisung ginn, esou de Robert Fournieri. Och de Stefano Araujo vum OGBL schwätzt vun enger Annonce fir ëffentlech Acteuren a Creancieren ze berouegen an Zäit ze gewannen. "Konkret gesi mer net, wat dat bréngt, mir gesi just eng Managementsgeschicht."

"Ech bezweiwelen, datt ee Site aus Rumänien all Entitéiten an Europa ka finanzéieren. Déi Rechnung geet net op."

OGBL: Nationaliséierung keen Tabu

De Site zu Diddeleng, deen den Ament zu Liberty Steel an der Belsch gehéiert, beschäftegt eng 220 Leit, dovunner wieren iwwer d'Hallschent zum Deel a Kuerzaarbecht. De Moment géif d'Produktioun zu Diddeleng just knapp iwwer engem Fënneftel vun de Kapazitéiten dréien, seet de Robert Fournieri.

D'Gewerkschafte fuerderen eng staatlech Interventioun, fir den OGBL sollt eng Nationaliséierung keen Tabu sinn. Den LCGB nuancéiert a fuerdert e Partenariat mat der Société Nationale de Crédit et d'Investissement.

An der Chamber ass haut eng Froestonn iwwer d'Zukunft vum Wierk vu Liberty Steel zu Diddeleng. Muer treffe sech d'Gewerkschaften an d'Direktioun.

Franz Fayot: op all Eventualitéite preparéiert sinn

D'Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng kéint mat där gewinnter Auslaaschtung profitabel schaffen an d'Konjunktur fir d'Produkter wier "ganz gutt": dat huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot de Mëtteg an der Chamber-Sitzung gesot, no Froe vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar zur Zukunft vum Site.

Lauschterenplay_arrow

Déi staatlech SNCI géif Gespréicher mat potentiellen industrielle Partner féieren, dat fir op all Eventualitéite preparéiert ze sinn, esou de Minister. Offiziell wier d'Wierk zu Diddeleng awer de Moment net ze verkafen.

D'Prioritéit vun der Lëtzebuerger Regierung géif e laangfristegt Weiderbestoe vum Site zu Diddeleng bleiwen, fir esou och all d'Aarbechtsplazen z'erhalen. Déi "bescht-méiglech Léisung" soll fonnt ginn, huet de Franz Fayot versprach.

"Et ass awer och esou, datt ech net gären éiweg nokucken an och wierklech meng Gedold do lues mee sécher op een Enn kënnt, wéi e Wierk zanter Wochen a Méint am forcéierte Ralenti dréint an d'Salariéë gezwonge gi Kuerzaarbecht ze maachen, wa mer alleguer wëssen, dass de Marché fir de Moment vill méi hier gëtt."

Ronn 85 vun den 220 Mataarbechter vu Liberty Steel zu Diddeleng wieren de Moment a Kuerzaarbecht, esou de Wirtschaftsminister. D'Paie fir dëse Mount wieren assuréiert, an un deene fir de Juli géif der Direktioun no "aktiv geschafft" ginn, huet de Franz Fayot gesot.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet an der Chambersitzung een Appel un de Franz Fayot gemaach, alles ze ënnerhuele fir dee wichtegen Industrie-Standuert zu Diddeleng ze erhalen.