Radioen

On air

Tockcity  |  Strongboi - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik um Ausbau vum Emissiounshandel fir Gebaier a Verkéier

EU-Klimapak

Kritik um Ausbau vum Emissiounshandel fir Gebaier a Verkéier

D'Europäesch Kommissioun presentéiert ee ganze Pak vun neie Gesetzer fir de Klimaschutz. Dozou gehéiert och den Ausbau vum Emissiounshandel op de Verkéiers-Secteur, an deem d'Emissioune nach ëmmer besonnesch héich sinn. D'Iddi ass awer ëmstridden, souwuel ënnert den EU-Memberlänner an am Europaparlament.

auto_stories

5 min

Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress

De Klimapak dréit den Titel "Fit for 55". Zil ass ee Minus 55 Prozent bei de klimaschiedlechen Emissioune bis 2030 am Verglach mat 1990 ze erreechen. Dat héiert sech ambitiéis un, deene meeschten Ëmwelt- oder Klimaschützer geet et allerdéngs net wäit genuch.

Wéilt een d'Klimaziler erreechen, misst een do nach eppes dropleeën, fënnt zum Beispill den "World Wide Fund for Nature", kuerz WWF, deen ausgerechent huet, datt eng Reduktioun vun op mannst minus 68 Prozent CO2 néideg wier.

Handel mat CO2-Zertifikater soll Emissiounen am Transport reduzéieren

Trotzdeem gëtt d'Initiative vun der Kommissioun am grousse Ganze begréisst. Am Pak vun den zwielef legislative Propose sinn awer och Mesuren, déi op Kritik stoussen. Dat ass zum Beispill de Fall bei der Iddi vun engem neien Emissiounshandelssystem, des Kéier net fir d'Industrie, mee fir den Transport-Secteur an dee vun de Gebaier.

Och do géif dann ee Präis fir CO2-Emissiounen agefouert, nom Motto: Wee vill CO2 ausstéisst, muss dofir eng Zort Steier - déi iwwer CO2-Zertifikater gereegelt gëtt, bezuelen.

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat d'Iddi schonn annoncéiert, elo gëtt se konkret. Dat ass gutt esou, seet hire Parteikolleeg, den Europadeputéierte Peter Liese:

"De Schratt bei déi 55 Prozent ass esou grouss, dat et net just iwwert Reglementer geet. Mir brauchen de Maart, dofir ënnerstëtze mir d'Iddi vun engem separaten Emissiounshandelssystem fir de Verkéier an d'Gebaier."

Emissiounshandel versus méi héich Grenzwäerter fir Autoen

Fir Vertrieder vun anere Parteien ass d'Propose awer problematesch. D'Sozialisten zum Beispill si skeptesch. Si halen een CO2-Präis an deem Beräich fir net effikass, sou den däitsche Sozialdemokrat Tiemo Woelken.

"Wenn wir uns anschauen, was in den letzten Jahren Technologiewechsel ausgelöst hat, dann waren das die Produktvorgaben, das heisst, dass über einen Preis der Wandel an dieser Stelle nicht ausgelöst wird."

Amplaz ee komplizéierte System mat CO2-Zertifikater anzeféieren, wier et besser, CO2-Limitten fir d'Emissioune vun den Autoen eropzesetzen. Där Meenung sinn och déi Gréng, seet den Europadeputéierten Michael Bloss.

"Wir setzen hier auf das Ordnungsrecht, das ist effektiv. Wir sehen jetzt schon, dass im Jahr 2021 viel mehr Elektroautos auf den Markt kommen, wegen dieser Flottengrenzwerten. Die müssen weiter geschärft werden."

Reegelen an d'Kontroll ze verschäerfen, géing awer nëmmen déi nei Autoen betreffen, hält de Peter Liese do dogéint.

"Mir hunn awer vill al Autoen, déi och nach 2030 nach op der Strooss wäerte fueren. Ouni kloer Signaler, déi d'Leit dozou bréngen een neien Auto ze kafen, komme mer net wäit. Esou individuell Choixen kënne just duerch de Maart beaflosst ginn an dofir sinn ech dovun iwwerzeegt, datt mer den Emissiounshandel och an dësem Beräich brauchen."

Sozialen Aspekt mécht EU-Deputéierte Suergen

Vill Detailer vun dem neien System sinn nach net bekannt. D'Kritik viséiert d'Logik déi dohannert steet. Ass den CO2-Präis ze niddreg, léisst e kaum een anert Verhalen aus, zum Beispill bei deenen, déi mam Auto fueren. Ass en awer héich, ass en net sozial vertrietbar, well en zwangsleefeg op de Consommateur ëmgeluecht gëtt, sou den Tiemo Wölken.

"und Verbaucher mit einem kleineren Geldbeutel können nicht auf die teuerere E-Mobilität umsteigen. Mieterinnen und Mieter haben keinen Einfluss darauf, welche Heizungen ihre Vermieter einbauen. Man kann diesem höheren Preis also kaum ausweichen."

An dat, ergänzt d'Jutta Paulus vun de Gréngen, wäert bannent der EU fir Spannunge suergen:

"So lange wir noch die sehr unterschiedlichen Lebenshaltungskostend auch Lohnniveaus in der EU haben, ist ein solcher Emissionshandel, der ja im Prinzip von gleichen Kosten in der EU ausgeht, wirklich zum Scheitern verurteilt."

Ee Klimasozialfonds soll des Differenzen opfänke. Datt dee Fonds op europäeschem Niveau organiséiert gëtt, dono awer vun de nationale Regierungen an den eenzelen EU-Länner verdeelt gëtt, stéisst och op Kritik. D'Consommateuren hätten domatt keng Garantie, datt déi Suen bei hinnen ukommen, seet den Tiemo Wölken.

"Wir würden uns wünschen, dass wir als Alternative grosse Unternehmen über eine härtere Gesetzgebung dazu bringen, klimafreundlichere Angebote zu machen. Wir möchten die Mitgliedstaaten in die Verantwortung nehmen. Gebäude und Verkehr sind Bereiche, die über die Effort Sharing, über die Klimaschutzverordnung, abgedeckt sind. Die Mitgliedstaaten müssen dort ihre Ziele erreichen."

Oppositioun och vu Lëtzebuerger Säit

Dat war och d'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung. Och aner Länner wéi zum Beispill déi osteuropäesch hate sech um EU-Sommet am Mee skeptesch gewisen. Och Frankräich stäipt sech bis elo, en vue vun neie Protester vun de "Gilet jaunes" géint d'Propose.

Virun allem Däitschland steet awer hannert der Iddi. Den däitsche Verband vun den Automobilhiersteller hat sech dofir ausgeschwat, datt den Emissiounshandel zum Leetfuedem vun engem klimafrëndleche Verkéier gëtt. Grenzwäerter fir nei Autoen sollten bis 2030 festgeluecht ginn, dono awer "net méi weider entwéckelt ginn". wéi et an engem Positiounspabeier heescht. Den VDA verweist drop, datt domat dramatesch Auswierkungen um Aarbechtsmaarkt an dem Industriestanduert Europa kéinte verhënnert ginn.

Klimaschutz-ONGen wéi den WWF awer pochen op een Enn vum Diesel- a Bensinn-Autoen an hoffen, datt d'Kommissioun dat an hirem Klimapak haut annoncéiert. Ob dat geschitt ass allerdéngs ongewëss, well et doriwwer och ënnert den EU-Kommissären ënnerschiddlech Meenunge gëtt.

Egal wéi sinn d'Diskussiounen ënnert de Memberlänner ma och dono an de Verhandlunge mam Europaparlament virprogramméiert. Dee ganze Prozess wäert viraussiichtlech zwee Joer daueren, eréischt dono kënnen déi Reformproposen ëmgesat ginn.