Am Ganze formuléiert de Staatsrot a sengem Avis 15 formell Oppositiounen. D'Parlament versicht de juristeschen Awänn gewéinlech Rechnung ze droen.
Sektoriell Ziler
Deemno muss wuel och déi politesch méi heikel Fro tranchéiert ginn, wéi eng Klimaschutzefforten déi fënnef vum Gesetzesprojet viséiert Secteuren an den nächste Jore musse maachen.
Wéi vill den Transportsecteur, d'Landwirtschaft oder d'Gebaier sollen zum Erreeche vun de Klimaschutzziler solle bäidroen, kann dem Staatsrot no net just an engem groussherzogleche Reglement stoen. Beklot gëtt och, datt d'Gesetz wéineg prezis a contraignant ass.
Dat groussherzoglecht Reglement, an deem dës Froe sollten tranchéiert ginn, läit bis haut net vir. D'Kritäre fir d'Laaschteverdeelung missten dem Staatsrot no iwwerdeems och kloer am Gesetz gereegelt ginn.
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hat bei der Presentatioun vum Text am November zejoert erwäänt, datt zum Beispill den Transportsecteur - dee fir iwwer d'Hallschent vun den Zäregasemissioune hei am Land responsabel ass - proportionell vläicht méi Efforte kéint maache wéi d'Landwirtschaft.
Nei Gouvernance a Fro gestallt
Mam Klimaschutzgesetz wollt d'Regierung sech och eng Aarbechtsmethod ginn, fir d'Klimaziler ze erreechen. Notamment duerch d'Schafe vun engem interministerielle Comité.
Deem opposéiert de Staatsrot sech mam Verweis op d'Verfassung, där no de Grand-Duc eleng d'Regierung organiséiert.
Vill vag Prinzippien
De Staatsrot beklot op ville Punkten, datt d'Gesetz wéineg konkret a contraignant ass. Zum Beispill wier net nozevollzéien, firwat d'Klimaschutzgesetz zum Erreeche vun de Klimaziler just sollt "bäidroen". Ëmmerhin hätt de Grand-Duché de Paräisser Klimaaccord ënnerschriwwen an eng Obligatioun seng Ziler anzehalen:
"Cependant, l'emploi du terme 'contribue' pour la définition de l'objet d'une loi est discutable. Lorsqu'une loi met en œuvre un engagement international ou un texte européen, cette mise en œuvre revêt le caractère d'une obligation de résultat et non pas d'une obligation de moyens comme le laisse sous-entendre le terme 'contribue'."
Beklot gëtt och, datt de Projet ze vill op vag Prinzippie verweist:
"Le paragraphe sous examen énonce solennellement les principes censés guider la mise en place de mesures de politique climatique. Le législateur qui entend consacrer de nouveaux principes se doit d'en définir les contours avec la précision qu'exige la sécurité juridique. Or, en l'espèce, la formulation de ces grands principes n'y satisfait pas. Ainsi, qu'y a-t-il lieu d'entendre par 'justice climatique', ou par 'principe d'intégrité' en matière climatique ? L'exposé des motifs fournit des indications, mais qui sont trop vagues pour être reprises dans le texte de la loi en projet."
Datt am Text vun der "Klima-Urgence" rieds geet, an dëst "politescht Konzept" eng juristesch Valeur kéint kréien, wier dann och problematesch, och wéinst dem Verfassungsartikel iwwer den Etat de Crise.