Kritik um neie Waasser-Gestiounsplang
Déi fënnef Gemenge vum "Contrat de rivière Uelzecht" hunn ee kriteschen Avis formuléiert zum Projet vum neien Gestiounsplang 2015-2021 fir d’lëtzebuerger Gewässer, déi an de Rhäin an an d’Meuse fléissen. Dee Projet gouf am Kader vun der EU-Waasserdirektiv an am Optrag vun der Regierung vun engem éisterräichesche Fuerschungsinstitut zesummegestallt.
Bis den 22. August kënnen d’Bierger hiren Avis zum Projet ginn, d’Gemenge bis den 22. September. D’Dokument vun 300 Säiten ass kaum vu Laien ze verstoen, kritiséiert den DP-Deputéierten a Beetebuerger Schäffen Gusty Graas. Och eng Rei Gemenge wieren iwwerfuerdert a géinge refuséieren een Avis ze formuléieren. Zum Zoustand vun de Gewässer géifen et am Dokument onkloer oder falsch Informatioune ginn, esou de Gusty Graas. Hien geet dovunner aus, datt d’Fuerscher den Terrain net kennen.
Keng Iwwerraschung par konter wier d’Ausso am Dokument, datt de Grand-Duché d’Ziler, déi an der Waasserdirektiv festgeluecht goufen, net kéint bannent deenen nächste fënnef Joer erreechen. Eng Verlängerung vum Délai bis 2027 misst ugefrot ginn.