Et geet am Fong prinzipiell ëm d'Fro, wat d'Coque de Federatiounen als Etablissement public offréiere muss, als Géigeleeschtung fir d'Dotatioun, déi se vum Staat kritt, an déi eben zu engem Deel d'Prestatioune fir déi national Sportverbänn finanzéiere soll. No senger Entrevue mat de Federatioune wëllt de Sportminister Romain Schneider dann an enger zweeter Etapp och mat der Coque schwätzen.
Keng Alternativen
Op der Rechnung, déi d'Dëschtennis-Federatioun no der Equippen-Europameeschterschaft vun der Coque geschéckt krut, hätt just e globale Montant gestanen - a keen Detail vun de Servicer, déi geleescht goufen. Weider huet den FLTT-President Camille Gonderinger um COSL-Kongress kritiséiert, datt d'Coque verschidde Servicer als Organisateur octroyéiert huet, déi si selwer ubidden. Fir déi misst een da bezuelen. Et kéint een net no Alternative sichen.
Méi bëlleg Alternativen, natierlech - op deenen d'Coque sech och keng Marge huele kann. Virun allem am Catering-Beräich.
Dialog gesicht
No der Ouschtervakanz wëllt de Sportminister Romain Schneider déi onzefriddene Federatiounen invitéieren, fir sech mat der Dëschtennis-Federatioun un en Dësch ze setzen. An enger zweeter Ronn géif ee sech da mat de Responsabele vun der Coque zesummesetzen, fir och do Léisungen ze fannen.
Prinzipiell ass de Sportminister der Meenung, datt finanziell Froen ëmmer sollten am Virfeld vun den Evenementer gekläert ginn. Iwwer e Budget, wou vu vir era kloer ass, wie wéi eng Käschten iwwerhëlt. An et ass fir de Romain Schneider och keng Fro, datt bei esou internationale Manifestatiounen de Staat och ëmmer bereet wier anzesprangen a bäizeleeën.
D'Coque hirersäits ënnersträicht, datt si u gudde Relatioune mat de Federatiounen interesséiert ass. Et wéilt een zesummen déi eenzel Evenementer méiglechst professionell op d'Bee stellen, seet de Christian Jung, deen den 1. Oktober d'Successioun vum Gilbert Neuman als Generaldirekter vum nationale Sport- a Kulturzenter iwwerhëlt.