Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik vun den Oppositiounsparteien

Etat de la Nation

Kritik vun den Oppositiounsparteien

D'Oppositiounsparteien hunn dem Premier seng Ried gëschter wéi erwaart kritiséiert: an hiren Aen huet de Premier net genuch nei Akzenter gesat fir d'Land aus der Kris ze féieren.

auto_stories

2 min

De Bäitrag lauschterenplay_arrow


De Xavier Bettel hätt déi aktuell Situatioun beschriwwen, an de Koalitiounsaccord widderholl, esou d'CSV-Fraktiounscheffin an enger éischter Reaktioun. Grouss Leitlinnen hätten awer gefeelt, fënnt d'Martine Hansen.

Et wieren zwar eenzel Mesurë virgestallt ginn, mee der CSV géif eng richteg Perspektiv fir en Neistart no der Kris feelen.

ADR: Keng Flexibilitéit

Änlech Téin komme vun der ADR: De Fernand Kartheiser seet, hien hätt eng "Paraphras" vum Regierungsprogramm héieren.

D'Ried hätt gewisen, datt d'Regierung keng Flexibilitéit hätt fir op d'Déift vun der Kris anzegoen. Et wier éischter e Kompromëss fir esou weiderzemaachen, wéi bis elo.

déi Lénk: sozial Ongläichheeten hu gefeelt

Och déi Lénk kritiséieren, dem Premier seng Ried wier net op der Héicht vun der Zäit gewiescht. De Xavier Bettel hätt eng liberal Ried gehalen, déi net genuch op sozial Problemer agaange wier, esou de Marc Baum.

Weder op d'Chômage-Zuelen, déi virdrun net denkbar waren, nach zu de sozialen Ongläichheeten, hätt een eppes vum Premier héieren, esou de Marc Baum.

Piraten: Kritik u Steiervergënschtegungen

Eng méi spezifesch Kritik koum iwwerdeems vun de Piraten: De Sven Clement huet kritiséiert d'Regierung géif net konsequent genuch géint Steierschlupflächer virgoen.

Wärend d'Stock options méi streng reglementéiert géife ginn, wier eng aner Ouverture gemaach ginn, datt een awer aus dem Benefice vun enger Entreprise mat engem begënschtegte Steiertaux Geld kéint erauskréien.

"Ee Steierschlupflach geet zou, dat anert gëtt direkt annoncéiert, opgemaach ze ginn."

Och déi dräi aner Oppositiounsparteie weise sech kritesch op dësem Punkt: si erwaarde sech haut bei der Budgetspresentatioun méi Detailer doriwwer, wei d'Regierung Abuse bei de Stock Optiouns an den Immobiliefonge wëllt verhënneren.