Radioen

On air

Notturno  |  Sascha Ley - Travelling Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritt d'Debatt eng nei Dynamik?

Wahlrecht

Kritt d'Debatt eng nei Dynamik?

Kënnt eng nei Dynamik an d'Diskussioun iwwer d'Auslännerwahlrecht? Kënnt iwwerhaapt emol nees Beweegung an en Dossier, dee jo zanter dem Referendum vun 2015 zimlech dout ass? Déi Fro kann ee stellen, nodeems den LCGB-President Patrick Dury den 1. Mee, am Numm vu senger Gewerkschaft, erëm "dat aktiivt a passiivt Wahlrecht fir alleguerten d'Matbierger hei am Land" gefuerdert hat.

auto_stories

4 min

"Ufank 2019 hu 614.000 Leit hei am Land gewunnt. An nëmmen 234.000 dovun hunn de leschten Oktober un dëse Chamberwahlen dierfen deelhuelen", sot de Patrick Dury den 1. Mee zu Réimech. Natierlech huet hien do Äppel mat Biere verglach, well ënner de 614.000 Awunner jo och eng ganz Rei Mannerjäreger sinn, déi souwisou kee Wahlrecht hunn.

Och de Chiffer vun de Wieler huet net ganz gestëmmt: laut dem offizielle Wahlsite vun der Regierung hu just 233.000 Leit vun hirem Wahlrecht Gebrauch gemaach, obschonn der bal 260.000 Leit als Wieler ageschriwwe waren. Mee souguer wann een déi richteg Zuel vun Electeur inscriten hëlt an déi ronn 60.000 Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer hei am Land ofzitt an, ännert dat fir d'Fro, déi den LCGB-President opwerft, näischt Fundamentales: "Wéi representativ ass dann elo eis Chamber?"

gréng an LSAP: D'Faass net erëm opmaachen

Et geet net duer, datt een eppes seet, fir datt eng Diskussioun nees lancéiert ass, seet de Co-President vun déi gréng Christian Kmiotek op Nofro hin. De Referendum wier ze respektéieren.

Och den LSAP-President Franz Fayot wëllt d'Faass virleefeg net nees opmaachen: "D'Diskussioun ass am Moment net à l'ordre du jour", seet hien.

ADR: Net ouni en neie Referendum

Net am Moment, an nach soubal net, ënnersträicht de Fred Keup (haut ADR), deen et mat senger Initiativ Nee 2015, aus där elo de Wee 2050 ginn ass, während der Referendumscampagne zu landeswäiter Bekanntheet bruecht hat:

"D'Resultat war ganz kloer. An ech ka mir net virstellen, datt ee mëttelfristeg nees kann ufänken doriwwer ze diskutéieren. Eng aner Méiglechkeet wéi en neie Referendum géif et souwisou net gi fir dat erëm eng Kéier réckgängeg ze maachen. Wat d'Leit ofgelehnt hunn, dat ass, datt en Net-Lëtzebuerger hei dierf wielen. An dat ass dat, wat ze respektéieren ass. Jiddweree ka Lëtzebuerger ginn, mee wann en dat net mécht, da wielt en eben och net mat."

déi Lénk: Als éischt eng gesellschaftlech Debatt

déi Lénk mengen, datt een, trotz dem kloren 80-20-Resultat vu viru véier Joer, d'Diskussioun iwwer en Auslännerwahlrecht net éiweg kann ënnerdrécken. Et wier elo e gudden Zäitpunkt et nees zu engem Thema ze maachen, mengt den Deputéierte Marc Baum.

"Mir solle wierklech als Gesellschaft doriwwer debattéieren. Net an der Hysterie wéi am Referendum, vun där enger a vun där anerer Säit. Mee wierklech à Tête reposée. An dofir menge mir, datt un esou engem Diskussiounsprozess, deen awer och Joren dauere kann, datt eréischt no där Zäit - wann eng Gesellschaft och wierklech prett ass an hirer Majoritéit fir dat ze maachen - eventuell e Referendum stoe kann. Mee do virdru muss déi gesellschaftlech Diskussioun sinn."

CSV: Eng Ouverture ënner Konditiounen

Den CSV-President hat, kuerz nodeem en un d'Spëtzt vu senger Partei gewielt gi war, eng Ouverture gemaach. An de Fränk Engel mécht och do kee Réckzéier, souguer wann et - dat verstoppt hien net - a senger eegener Partei, wéi iwwerall an der Bevëlkerung, staark Retizenze ginn:

"Ech bleiwen awer derbäi, datt mir déi politesch Participatioun notamment vun den Uniounsbierger weider musse verstäerken. An ech kéint mir virstellen, datt een dat och längerfristeg duerch eng Ausweidung vum nationale Wahlrecht géif maachen. Ech géif dat allerdéngs wëllen op d'aktiivt Wahlrecht beschränken, well ee - fir sech wielen ze loossen an d'nationaalt Parlament - awer sollt d'Staatsbiergerschaft hunn."

Ob ee fir esou eng Ouverture vum Wahlrecht ze maachen - also just vun deem aktiven, an nach nëmme fir EU-Bierger -, onbedéngt nach eemol iwwer e Referendum misst fueren, léisst de Fränk Engel dohi gestallt. Och wat d'Zäitschinn ugeet wëllt hie sech net festleeën. Mee d'Diskussioun misst nees lass getrëppelt ginn, fënnt de Fränk Engel. Dat gesäit hien also net anescht wéi de Marc Baum.