Zwee grouss Programmer goufe vun der Unesco an d'Liewe geruff, fir op der ganzer Welt historescht a kulturellt Ierwen ze schützen an ze erhalen. Wéi 1992 d'Nationalbibliothéik zu Sarajewo bewosst a Brand gesat gouf, fir de Bosnier hier literarescht an historescht Ierwen ze zerstéieren, huet d'Unesco de Programm vum Weltdokumentierwen "Memory of the World" geschaf. Dëse Programm sammelt wäertvoll Dokumenter aus alle Kulturen an enger weltwäiter Datei.
Doduerch bleiwen - och bedroten Dokumenter - wéinstens an hirer digitaler Form erhalen a sinn an all Mënsch zougänglech. Dat ass dee Programm, op deen 2003 d'Fotosausstellung "The Family of Man", déi mer jo am Schlass zu Klierf bewonnere kënnen, opgeholl gouf.
Zesummen en Tempel hiewen
Deen anere wuel bekanntste Programm vun der Unesco ass dee vum Patrimoine mondial, dem Weltierwen. 1960 sollten déi wonnerbar Tempele vun Abu Simbel a Südägypten am Assuan-Staudamm ënnergoen. Dunn ass eppes geschitt, wat änlech erëm ze gesi war, wéi Notre-Dame gebrannt huet: eng weltwäit Betraffenheet fir Kulturschätz, och wann se net zu engem senger eegener Kultur gehéieren.
D'Unesco huet dunn e weltwäiten Opruff fir Suen an Iddie gemaach, fir Abu Simbel ze retten. 80 Milliounen Dollar koumen zesumme fir e schwedescht Rettungskonzept ëmzesetzen. Wärend fënnef Joer gouf den Tempel mat Seeë manuell an iwwer 1000 Bléck zerschnidden a 64 Meter méi héich nei ugeluecht. Déi technesch Leeschtung vun deem Projet war gigantesch. A seng Auswierkungen dauere bis haut un.
E gemeinsaamt Ierwen
Déi international Resonanz op d'Rettung vum ägypteschem Patrimoine huet d'Unesco zu där Iwwerleeung gefouert, datt et iwwerall op der Welt kulturell Wierker an natierlech Sitte ginn, déi esou en aussergewéinlechen universelle Wäert hunn, datt se der ganzer Mënschheet gehéieren.
1972 gouf dunn d'Konventioun zum Schutz an zum Erhalt vum Weltierwen an d'Liewe geruff. 1994 war jo Lëtzebuerg mat senger Alstad a senge Festungswierker op dëse prestigiéise Programm opgeholl ginn.
Awer net fir jiddereen
Dëst Joer sollt d'Reunioun vun deem Comité, deen iwwer nei Kandidature befënnt an an deem Russland d'Presidence huet, zu Kazan a Russland stattfannen. Iwwer 40 Memberstaaten vun der Unesco - ënner deenen och Lëtzebuerg - refuséiere kategoresch, un där Reunioun op där Plaz deelzehuelen.
Wat fir e Sarkasmus: eng Reunioun zum Erhalt an zum Schutz vu Kultur an Natur organiséieren, an zu selwechter Zäit engem anere Land seng Kultur zerstéieren a senge Mënsche Gewalt undoen.
Et deet wéi ze gesinn, wéi d'Wäerter, fir déi d'Unesco steet - Solidaritéit, Inclusioun, Fridden, Mënscherechter - ëmmer méi ausgehillegt ginn. Och an onse Länner, wou Politiker:inne massiven Zousproch fannen, déi grad déi Wäerter a Fro stellen.
Esou schéin et och ass, datt eng international Communautéit sech zesummefënnt fir Tempelen oder Kathedralen ze retten, esou vill méi schéi wier et, wann se sech effikass Mëttele géif ginn, fir géint Staatsterror a Krich virzegoen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.