Kulturell Hegemonie Blo-Rout-Gréng

Op verschiddene Plaze gëtt iwwert d’Liewensdauer vun der Blo-Rout-Grénger Regierungs-Koalitioun spekuléiert. Dës Diskussioun ass am Interesse vun CSV-Kreesser, déi sech Gedanke dierfte maachen, wéini si – sou séier wéi méiglech – nees zum Zuch, dat heescht an d’Regierung kommen. A Wierklechkeet kéint et awer sinn, datt di Chrëschtlech-sozial soubal net méi un d’Muecht kommen well se di kulturell Hegemonie verluer hunn, mengt de Michel Delage an engem Commentaire:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/COM-MD.mp3"]

 

Hei de ganzen Text vum Commentaire:

Et war den italienesche kommunisteschen Denker Antonio Gramsci, deen an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert de Begrëff vun der “kultureller Hegemonie” geprägt huet. De Gramsci wollt domat ze verstoe ginn, datt déi politesch Muecht iwwert d’Gesellschaft nëmmen dann efficace ass, wann se op enger méi allgemenger kultureller Dominanz baséiert, also op enger ganzer Rei vu Normen där no sech eng Gesellschaft riicht. An deem Sënn ass et schonn erstaunlech, datt d’CSV bis den Oktober 2013 d’Soen iwwert d’Land hat, datt de sougenanntenen CSV-Staat sech sou laang konnt halen. Di dominant Normen an der lëtzebuerger Gesellschaft si schonn eng Zäit laang net méi déi, déi d’Kierch virgëtt. Di ganz Bandbreet vu gesellschafts-politesche Froen, vu feministesche Positioune beim Divorce oder der Ofdreiwung, iwwer laizistesch Siichten, bis hinn zu méi Rechter fir Homosexueller: och wann dës nei Norme nach net komplett an der Form, dat heescht gesetzlech ugepasst goufen, dierften se an der Tëschenzäit vun enger zolitter Majoritéit an der Populatioun gedroe ginn. Enger CSV ass näischt aneschtes iwwreg bliwwen, wéi hier traditionell Vue no a no opzeginn a sech, um politesche Plang, dem allgemenge Konsens z’adaptéieren. Datt d’CSV net méi an der Regierung ass huet, sou gesinn, näischt mat enger Verschwörung vun DP, LSAP an Déi Gréng ze dinn, näischt mat arithmetesche Spillereie mam Wahlresultat, a nëmme wéineg mat de sëlleche Skandaler, mat virop dem Geheimdéngscht-Skandal, déi nëmmen e konjunktur-bedéngte Pretext geliwwert hunn. Fir et e bësse salopp auszedrécken: eng CSV huet ganz einfach näischt méi an der Regierung verluer gehat. Do ass elo eng Koalitioun um Rudder, där hier Wäerter d’Gesellschaft scho méi laang dominéieren. Eng liberal Koalitioun am breede Sënn vum Wuert, déi souwuel ee politesch-kulturelle Liberalismus wéi och de wirtschaftleche Liberalismus verkierpert. A wéi de franséische Philosoph Jean-Claude Michéa schreift, sinn dës zwee Volete net vun en een ze trennen. D’Transgressioun, dat permanent Iwwerschreide vu Limiten, vu moralesche Grenzen gouf vun der kultureller Avant-Garde zum Prinzip erhuewen. Gläichzäiteg huet de politesche Liberalismus gesellschaftlech Tabue gebrach, a Bezuch op d’Sexualitéit oder op d’Famill. Alles dat huet  d’Viraussetzunge geschaaft fir Transgressiounen um wirtschaftleche Plang ze legitiméieren, sou de Michéa: d’Expansioun vum Kapitalismus däerf keng Grenzen hunn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdesmagazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen