Radioen

On air

Notturno  |  Aufgang & Ryvage - Night Song For Shiny People - Soundwalk Version

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ L'essentiel Radio kritt en neien Emissiounsreseau

Medien

L'essentiel Radio kritt en neien Emissiounsreseau

De kommerzielle franséisch-sproochege L'essentiel Radio kritt d'Méiglechkeet seng territorial Couverture a säin Auditoire weider ze verstäerken.

auto_stories

1 min

Dëse Projet vun der Gesellschaft RadioLux mat Sëtz zu Déifferdeng kritt d'Notzungsrechter fir e Reseau vu sechs zousätzleche Radio-Frequenzen. Dat huet d'Kontroll-Autoritéit ALIA haut matgedeelt. Domat kéim L'essentiel Radio senger Bestëmmung méi no, fir eng national Couverture ze assuréieren, heescht et.

Bei der Ausschreiwung am Abrëll ware keng speziell Konditioune fir den Inhalt a fir d'Sprooch vum Programm gestallt ginn.

L'essentiel Radio, deen et zanter 2016 gëtt, gouf bis elo op zwou Frequenzen ausgestraalt. Dorënner déi national 107,7, déi bis 2014 vum DNR genotzt gouf.

D'RTL-Mammenhaus CLT-UFA ass zu 25 Prozent u L'essentiel Radio bedeelegt.