Radioen

On air

De Moien  |  Flamingods - Adana

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lag vun der Natioun

Debatten an der Chamber

Lag vun der Natioun

D'Regierung wëllt keng Austeritéitspolitik, esou de Premier a senger Ried zur Lag vum Land. D'Wirtschaft, de Logement an d'Kafkraaft vun de Leit solle gestäerkt ginn. Erlaben d'Staatsfinanzen zousätzlech Depensen a Corona-Zäiten? D'Chamber huet gëschter no der Ried vum Premier d'Situatioun vum Land analyséiert.

auto_stories

3 min

D'CSV vermësst eng Strategie an ee Konzept fir den Nei-Ufank, sief dat an de Beräicher Logement, Ëmwelt, de Finanzen a wéi een de Betriber kann hëllefen. Fir all dës Aufgabe géif et u Finanzreserve feelen, betount d'Martine Hansen, d'CSV-Fraktiounspresidentin.

D'Covid-19-Pandemie hätt e massiivt Agräife vum Staat noutwendeg gemaach, dat hätt CSV och meeschtens ënnerstëtzt. D'CSV-Fraktiounspresidentin geheit der Regierung awer vir, datt se an de gudden Zäite keen "Apel fir den Duuscht" op d'Säit geluecht hätt.

Martine Hansen

"D'Regierung huet just Schéi-Wieder-Politik gemaach a sech domat kuerzfristeg de schéine Männche gemaach. Ass dat verantwortungsvoll?"

Georges Engel: Keng TVA-Erhéijung, keng Erhéijung vun der Lounsteier a kee Sozialofbau

Wéi kënnt een aus deem Enkpass bei den ëffentleche Finanzen eraus? Op kee Fall iwwer eng Steiererhéijung, warnt d'Martine Hansen.

Georges Engel

Dat ass och fir de Georges Engel vun der LSAP ganz kloer: "Et gëtt kënnt keng TVA-Erhéijung mat eis, et gëtt keng Erhéijung vun der Lounsteier, an et gëtt och keen Ofbau vun de Sozialleeschtungen, dat sinn déi rout Linnen, déi mir zéien.

Wéineg Elementer fir d'Wirtschaft ze relancéieren

Suerge mécht sech den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwer d'Staatsverschëldung, déi klëmmt. Et dierft een net haut op Käschte vun den nächste Generatioune liewen.

Fernand Kartheiser

De Marc Baum vun déi Lénk plädéiert fir ee Wiessel an der Ekonomie.Fir d'Relance misst een nei Moossnamen ergräifen. D'Majoritéit hätt zwar hir Mesuren opgezielt, déi se an de leschte Méint geholl hätt, mee dem Marc Baum feelen déi Elementer, déi een "transformatoresche Charakter" hätten, an déi hëllefe kéinten d'Wirtschaft ze relancéieren.

Marc Baum: "Am Beräich vum Logement gëtt net genuch gemaach"

De Logement stécht an der Kris, d'Präisser klammen, d'Regierung géif net genuch ënnerhuelen.

Marc Baum

"De Logement ass wierklech ee vun eise gréisste Problemer, d'lescht Joer hat de Premier de Logement iwwerhaapt net behandelt. Dëst Joer huet hien eng Mesure virgestallt: Den Amortissement accéléré. Dir Dammen an dir Hären, domadder rette mer de Logement net, domadder komme mer net aus der Logementskris eraus an och net mat deem Pakt 2.0, wat an eisen Ae wierklech eng Mogelpackung 2.0 ass."

D'Regierung wëllt mam Ofschafe vun de Fonds d'investissement spécialisés d'Spekulatioun bekämpfen, betount den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum.

Gilles Baum

"Eng Kritik um Lëtzebuerger Logementsmarché ass d'Spekulatioun mam Bauland. Eng berechtegt Kritik. An dofir begréisse mer als DP, datt d'Spekulatioun am grousse Stil, an dat dacks mat auslänneschem Kapital, duerch déi nei Reglementatioune vun de FISeen am Immobilieberäich, datt do de Spekulanten de Wand aus de Seegele geholl gëtt."

Kleng Gemenge kéinten a finanziell Schwieregkeete geroden

Och d'Gemengen an hir Finanzsituatioun goufe vun den Deputéierten analyséiert, esou d'Martine Hansen. Vill Gemengen hätten duerch de Virus elo vill manner Recetten, virun allem kleng Gemengen am ländleche Raum géife momentan struewelen, och well se scho bei der Gemengefinanzreform gebeidelt gi wieren.

Et sinn eben d'Gemengen, déi ville Betriber an där klengen Handwierksbetriber Opträg kënne gin. Déi Investissementer musse virun ënnerstëtzt ginn.